Den Dräilännereck huet Geschicht geschriwwen, wéi Lëtzebuerg, Däitschland a Frankräich 1985 mat Holland an der Belsch u Bord vun der Marie-Astrid de Schengener Accord ënnerschriwwen huet. D'Ofkommes war e wichtege Schrëtt an Direktioun vereenten Europa , wéinst der Abolitioun vun de Grenzkontrollen tëscht de Länner.
Ee Symbol vun den oppene Grenzen
Schengen ass deen Dag d'Wéi vun Europa ouni Grenzen ginn, an erlaabt et zu Fouss, mam Vëlo oder am Auto vun engem Land an dat anert ze reesen ouni iergendeng Formalitéit op der Douane mussen ze reegelen.
D'Schengener Ofkommes ass méi wéi een europäesche Kontrakt. 35 Joer duerno bleift Schengen nach ëmmer ee Symbol vun den oppenen Grenzen, och wann d'Corona-Pandemie dozou bäigedroen huet, datt d'Grenzen deelweis zougemaach gi sinn.
De Musée gëtt et zéng Joer
2010 ass zu Schengen e Musée gegrënnt ginn, dee sech der Geschicht an der Bedeitung vum Ofkommes befaasst. Eng permanent an interaktiv Ausstellung retracéiert op 200 Quadrameter de Wee vun engem Europa mat Grenzen bis hin zu engem Europa vun de Bierger. Déi fräi Beweegung war eng vun de véier Grondfräiheeten, déi 1957 am Traité vu Roum festgehale goufen.
Et hätte sech ëmmer méi Leit fir den Accord vu Schengen interesséiert, zielt d'Martina Kneip, Direktesch vum Musée Européen. Net nëmmen déi Leit, déi aus dem Schengenraum kommen, géife vun den oppene Grenze profitéieren, zielt si, mee och déi Leit, déi am Schengeraum Vakanz maachen.