Radioen

On air

Espresso Beats  |  Bodega - Cultural Consumer III

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Steven Weinberg an déi éischt dräi Minutten

Physik

De Steven Weinberg an déi éischt dräi Minutten

1977 ass eent vun de bekannteste populär-wëssenschaftleche Bicher iwwerhaapt erauskomm. Den Titel: "Déi éischt dräi Minutten", oder – am Original a mam Ënnertitel – "The First Three Minutes – A Modern View of the Origin of the Universe". Den Auteur vun dësem neie Bléck op den Ufank vum Universum war de Steven Weinberg, deen zwee Joer méi spéit de Nobelpräis krut.

Claude Wangen / ckl

auto_stories

4 min

De Stephen Weinberg krut 1979 den Nobelpräis an der Physik © Bigstock

Am Buch 'The First Three Minutes' huet de Professer Weinberg et hikritt, d'Prozesser, déi direkt nom Urknall ofgelaf sinn, och fir Net-Spezialisten ze erklären. Mee d'Buch ass haut knapp 40 Joer al, an d'Recherche huet an der Tëschenzäit évoluéiert. Wéi gesäit et haut aus, ass d’Fuerschung dem Big Bang méi no komm? Jo, seet de Stephen Weinberg. “Et gëtt elo eng nei Theorie, d’Inflatiounstheorie, déi d’Zäit virum Big Bang beschreift, an dës Theorie seet kloer viraus wat mir haut am Universum gesi missten, virun allem d’Mikrowellestrahlung, déi mer empfänke missten. An dës Viraussoen treffen immens gutt mat den Observatiounen déi gemaach ginn iwwerteneen, soudatt mer elo en immens komplett Bild iwwert de Big Bang hunn", sou de Stephen Weinberg am 100,7-Interview.

Ma wéi ass et mat der Vereenegung vun de Grondkräften? Nom Nobelpräis-Laureat Weinberg senger Decouverte vun enger Verbindung tëscht der elektromagnéitescher an der schwaacher Nuklearkraft, konnt nämlech nach eng drëtt fundamental Force, déi staark Nuklearkraft, mat an eng global Erklärung erageholl ginn.

D'String Theory: “Kloer Virdeeler”

Wéi gesäit de Professer Weinberg haut d'Chancen, datt mer geschwënn eng endgülteg Theorie vun de Kräften hunn? A sengen Ae läit d'Hoffnung an enger ganz rezenter Entwécklung. "Mir hunn eng méiglech Theorie, déi sougenannte String Theory, an déi huet an dësem Zesummenhang kloer Virdeeler. D’String Theory verlaangt d’Existenz vun der Gravitatioun an erklärt net nëmmen d’Observatiounen". D'String Theory géif also d'Gravitatioun als noutwennegen Deel vum Ganze gesinn. A wa mer nach net wéissten, dass et d'Gravitatioun gëtt, da géif d'String Theory se als eng Noutwendegkeet viraussoen.

Et stellt sech awer d'Fro ob een dës Theorie wierklech beweise kann. Fir de Professer Weinberg ass dat awer eigentlech kee Problem. Wéi vill modern Theorien ass en direkte Beweis vläit net méiglech, mee dat géif och fir aner Aspekter gëllen. Beispillsweis si vill Elementardeelercher net direkt fir eis siichtbar, ma hier Existenz beweist sech op indirektem Wee.

“Mir gesi keng Quarks, gleewen awer dat et se gëtt”

"Wëssenschaftlech Theorië gi confirméiert andeems se genuch Viraussoe maachen, déi da bestätegt ginn. Ëm d’Joer 1900 gouf et beispillsweis eng Debatt ob Atomer wierklech wëssenschaftlech eescht geholl gi sollen. Vill Leit hu gesot:  mir gesinn se net, also wësse mer net ob et se wierklech gëtt. An et gëtt haut och nach vill Saachen an der Quantemechanik, déi mer net gesinn: Mir gesi kéng Quarks. Mir gleewen awer, datt et Quarks gëtt, well se zu enger Theorie gehéieren, déi a villen aneren Aspekter confirméiert ass", erkläert de Stephen Weinberg. 

D'String Theory kéint also vläicht net als absolut wouer bewise ginn, ma dat kann eben a leschter Instanz keng physikalesch Theorie. Mee: wäerte mer jeemools de Schluss vum Wee erreechen an eng absolut Erklärung vun der Welt hunn, oder ass dëst Ziel fir d'Mënschheet einfach net erreechbar? 

Eng philosophesch Fro

De Professer Weinberg gesäit déi Fro éischter philosophesch: wa mer keen Enn fannen, da läit dat manner un der Theorie wéi um Mënsch selwer, deen ëmmer nach weider Froe wärt hunn. "Ech ka mer net virstellen, datt mer eng enges Daags eng Theorie hätten, egal wéi schéi se wär an egal wéi gutt se géif funktionéieren, an egal wéi schwéier et wär fir nach eng besser ze fannen; ech ka mer net virstellen, dass mer net géife froen: Firwat ass dës Theorie richteg an net eng aner?".

A souguer wann eng endgülteg Erklärung géif fonnt ginn, da géif de Mënsch weider froen.  "Et géif d’Fro opstoe bleiwen, firwat funktionéiert den Universum esou? Firwat ass et grad dës Theorie? Ech ka mer net virstellen, dass des Fro net trotzdem géif opstoe bleiwen", seet de Stephen Weinberg.

Dëst Joer ass iwwregens en neit Buch vum Professer Weinberg erauskomm. Ënnert dem Titel 'To Explain the World' beschreift hien do dëse Besoin, deen d'Mënschheet nach zu all Zäiten hat, fir d'Welt ze verstoen. Mat 82 Joer huet hie selwer dësen Driff nach net verluer.