Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wien net freet, bleift domm

Schülerlabo

Wien net freet, bleift domm

Der Molekularbiologin Elisabeth John hiren Engagement fir de "Scienteens Lab" gouf mat engem FNR-Award ausgezeechent. Hir Passiounen: Tomaten-DNA a sech Lächer an de Bauch froe loossen.

Kerstin Thalau / po

auto_stories

4 min

D’Ierfgroussherzogin Stéphanie (2. v.l.) parrainéiert de Projet, dee sech un déi iewescht Lycéesklasse riicht (©monarchie.lu)

D’Elisabeth John huet am Saarland Human- a Molekularbiologie studéiert an hier Diplomaarbecht um "José Carreras Zenter fir Immun- a Gentherapie zu Homburg" ofgeschloss. Fir hiren Doktorat am Beräich vun der Entwécklung vun Immun- a Fettzellen ass si dunn op d’Uni Lëtzebuerg komm, méi präzis an den "Luxembourg Center for System Biomedicine". Den LCSB huet sech ënnert der Leedung vum Rudi Balling op seelen an neurodegenerativ Krankheeten, wéi Parkinson oder Alzheimer spezialiséiert.

Tomaten-DNA am Schaf

An der Elisabeth John hirer Broscht hunn ëmmer zwee Biologie-Häerzer geschloen: Hir Passioun fir d’Fuerschung an hir Begeeschterung fir den Enseignement. Mee an enger Zäit, wou Emissiounen, wéi den Télé-Kolleg, als eenzeg Spaass un der Fuerschung vermëttele sollten, a weider keng Berodungsplazen existéiert hunn, ass d’Elisabeth John bal duerch Zoufall op déi richteg Bunn komm: Wéi si op Septième war, si Wësseschaftler an hir Schoul komm an hu mat de Schüler d'DNA vun Tomaten isoléiert. "Déi DNA hunn ech haut nach am Schaf leien". Dës Erfahrung war eenzegaarteg, well soss wier Biologie an der Schoul ni praktesch applizéiert ginn.

©Michel Brumat / Université de Luxembourg

Während hirem Biologiestudium huet d'Elisabeth John sech d'Fro gestallt, ob si an der Fuerschung wéilt bleiwen. Eng Konferenz iwwer "scientific outreach (also doriwwer, wéi d'Wëssenschaft Kontakt mat hirem gesellschaftlechen Ëmfeld kann ophuelen) hätt si dunn inspiréiert fir mat Schüler zesummen ze schaffen. De Professer Balling hat op der Uni Braunschweig schonn ee Schülerlabo an d'Liewe geruff, un deem ee sech da fir ee Pilotprojet zu Lëtzebuerg inspiréiert huet. D'Elisabeth John huet doropshin ee Businessplang geschriwwen, deen d'Fondatioun "Veuve Emile Metz-Tesch" iwwerzeegt huet fir de Projet ze ënnerstëtzen.

"Lëtzebuerg brauch e Schülerlabo"

2013 hunn d’Elisabeth John an Aarbechtskollege vum LCSB hire Labo fir Jonker, de Scienteenslab ageweit. D’Ierfgroussherzogin Stéphanie parrainéiert de Projet, deen sech u Schüler aus den ieweschte Lycéesklasse riicht. Dat si fir hier Opklärungsaarbecht a Saache Molekularbiologie a Biomedezin mam FNR Award nach emol eng Zort Diplom kréich, domat hat d’Elisabeth John guer net gerechent. Fir si weist de Präis, "datt de Wäert vun eisem Projet unerkannt gëtt an dass mir sollen esou weider maachen, well esou ee Projet zu Lëtzebuerg gebraucht gëtt."

D’Elisabeth John vertrëtt eng Zort Sesamstrooss-Philosophie: "Wien, wéi, wat? Wien net freet bleift domm". Si ass iwwerglécklech, wann se owes mat ville Lächer am Bauch heemgoe kann. Natierlech kéime vun de Schüler heiansdo Froen, iwwer déi een nach ni nogeduecht huet. A pauschal Äntwerte géifen net duer goen. All Froe wieren erlaabt, och no der Pai, dem Alldag an den Aarbechtszäite vu Wëssenschaftler. Fix Büroszäite ginn et nämlech net am Labo, well "e Wëssenschaftler ass éischter ee fräie Geescht".

Keng Publicitéit fir e Beruffschoix

Mëttlerweil ginn et méi Initiativen, fir Kanner a Jugendlechen all méiglech Disziplinne méi no ze bréngen. De Message ass dacks: Wëssenschaft, Konscht, Technik ass kannerliicht. Dovunner wëll d’Elisabeth John sech distanzéieren. D'Experimenter, déi am Scienteens-Lab gemaach gi wieren op engem héije Level. Et kënnt also dacks net dat erwaarte Resultat eraus. D'selwecht wéi an der richteger Fuerschung wier dat Wichtegst, fir eng Analys vun de Fehler ze maachen an d'Experiment nach emol ze maachen. Dat wier eng Ursaach, firwat d'Entwécklung vun neie Medikamenter sou laang dauert.

Zil wier et, d'Schüler méiglechst objektiv z'informéieren: Wéi ass dat an engem Labo ze schaffen, oder als Bioinformatiker un engem Computer? D'Schüler solle versichen eraus ze fannen, ob hinnen dee Beruff kéint Spaass maachen. An ëm de Spaass sollt et beim Beruffschoix scho goen: "Et ass zwar mëttlerweil dacks esou, dass d'Leit net méi 40 Joer dat nämmlecht maachen. Mee d'Richtung bleift awer meeschtens eng ähnlech."