Radioen

On air

Notturno  |  Ryan Adams - Come Pick Me Up

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Präis vum Stau

Verkéiersproblematik zu Bréissel

De Präis vum Stau

All Joer kaschten d’Verkéiersproblemer ronderëm Bréissel déi Belsch Economie iwwer eng hallef Milliard. Léisungsvirschléi ginn et scho laang. Wa se net ëmgesat ginn, riskéiert d'Situatioun ze kippen.

Georges Kohnen / ys

auto_stories

4 min

Stau zu Bréissel um Ring ©Belga

Jiddereen, deen op Bréissel mam Auto schaffe fiert, kennt de Problem: Op de siwen Autobunnen, déi an der belscher Haaptstad zesummelafen, ass all moies an all owes Stau. An op dem deelweis nëmmen zweespurege Contournement, dem sougenannte Ring, ass d’Situatioun net besser. Honnerte Kilometer Stau all Dag. Domat ass d’Belsch laut verschiddene Klassementer mat Bréissel an och Antwerpen am Top Ten vun den am meeschte verstaute Stied op der Welt. Esouguer viru London, Paräis oder Los Angeles. An a ville vun den Autoe sëtzt och nëmmen eng eenzeg Persoun.

Léisungsvirschléi

An déi Situatioun huet och e Präis: iwwer 511 Milliounen Euro pro Joer. Dat hat schonn 2013 d'Bréisseler Chambre de Commerce ausgerechent. An si hunn och deemools scho Léisunge proposéiert: Manner Subside fir Firmenautoen, fir hir Attraktivitéit ze reduzéieren.

  • Méi bëllege Wunnraum am Bréisseler Stadzentrum, fir dass Wunnen an der Staat erëm soll attraktiv ginn.
  • Eng séier Konkretisatioun vum RER, dem Réseau Express Régional.
  • E kohärente Park & Ride Plang.
  • E Peage-System pro gefuerene Kilometer.

Haut, knapps dräi Joer duerno, ass vun dëse Propositiounen nach ëmmer naïscht ze gesinn. Di virécht Regierung hat zwar 2012 d’Avantagen op de Firmenautoe liicht erofgesat. An di aktuell rietsliberal Equipe vum Premierminister Charles Michel huet zesumme mat den dräi Regiounen e Peage fir d’Camionen agefouert, deen am Abrëll wäert funktionell sinn. Mä déi Plooschtere ginn de belschen Entreprise bei wäitem net duer. An d’Situatioun huet sech an de leschten Deeg a Wochen nach zougespëtzt.

D'Situatioun gëtt schlëmmer

Do sinn engersäits d’Tunnellen vun der Petite Ceinture, ronderëm de Stadzentrum vu Bréissel, déi deelweis nach aus den 1950er Jore stamen, an déi no Jorzéngte ouni Entretien aus Sécherheetsgrënn fir de Verkéier gespaart ginn. Nach Mëtt Januar ass e Stéck Beton vum Plafong vun engem Tunnel op d’Fuerbunn gefall. An een Tunnel deen zou ass, dat sinn Zéngdausenden Autoen pro Dag méi am Uewerflächeverkéier.

An anerersäits ass et den RER, de "Réseau Express Régional", deen d’Mobilitéit am ëffentlechen Transport ronderëm Bréissel soll verbesseren. E Projet, dee schonn 1995 annoncéiert gouf, an 2002 sollt konkretiséiert ginn. En Eisebunnsréseau ronderëm d’Haaptstad, wou zwou Millioune Leit wunnen, an all Dag eng weider Millioun Leit schaffe kommen, mä vun deenen nëmmen 20 Prozent den ëffentleche Verkéier huelen, well d’Zich zu Spëtzenzäiten dacks iwwerfält a verspéit sinn. Den Objektiv vum RER war et, dëse Prozentsaz ze verduebelen. Mä eréischt Enn 2015, mat 13 Joer Verspéidung, sinn di éischt Linne vun dësem Réseau opgaang, well d’Budgete fir d’Infrastrukturen ëmmer erëm gekierzt goufen. A wéi dat leider dacks bei eisen Noperen an der Belsch de Fall ass, huet dee ganzen Dossier rezent e communautäre Parfum kritt, well d’Linnen a Richtung Wallonie nach net fäerdeg sinn, an et eventuell ni wäerte sinn.

Et gëllt also elo, séier ze handelen, fir eng komplett Saturatioun vum belsche Verkéiersréseau ze verhënneren. Well dat hätt net nëmmen negativ Konsequenze fir d’Navetteuren, déi all Dag stonnelaang am Stau stinn, mä och fir d’Attraktivitéit an d’Kompetitivitéit vun der Belsch a speziell vu Bréissel. Eng Stad, déi souwisou scho vu gréisseren Entrprisen evitéiert gëtt. Ënnert anerem och wéinst den héije Steieren.