Radioen

On air

De Moien  |  Äddi, Natioun!

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dat am meeschten zerschniddent Land vun Europa

Naturschutz

Dat am meeschten zerschniddent Land vun Europa

140 Mouke sinn am Naturschutzgebitt zu Feelen a Fräiheet gelooss ginn. Mir hunn eng ethesch Verflichtung fir esou Aktiounen ze maachen, seet de Biolog Yves Schaack vum Sicona. De Syndikat setzt sech op kommunalem Plang fir den Naturschutz an d'Biodiversitéit an.

auto_stories

2 min

Den Yves Schaack, Attaché à la direction beim Sicona seet, datt een op Gemengeplang eng grouss Akzeptanz hätt. Allerdéngs géifen et hei am Land och vill privat Initiativë ginn an déi vun den ONGen, déi weise géifen, datt ee vu ënnen erop agéiert fir de Naturschutz. "Eis ass et och wichteg, datt déi Mesuren déi mer huelen, politesch acceptéiert ginn an de jeeweilege Gemengen an doduerch och iwwer méi laang Zäit."

Biodiversitéit géint Logementspolitik

Fir kompetitiv ze bleiwen, muss déi Lëtzebuerger Wirtschaft all Joer wuessen. Ee vun den Haaptproblemer fir d’Biodiversitéit wier den Drock, deen op Terraine géing bestoen, virun allem am oppe Land, doduerch datt zu Lëtzebuerg vill gebaut géif ginn. "Mir sinn dat am meeschten zerschniddent Land vun Europa. An dat dréit dozou bäi, datt et eiser Biodiversitéit net gutt geet", seet den Yves Schaack.

Senger Meenung no ass et wichteg all d'Ökosystem-Déngschtleeschtungen ze ënnersträichen. Dozou gehéieren d'Retentioun vun Héichwaasser a Fiichtgebidder an d'Bestëbsen duerch Beien. Dat wieren Zerwisser, déi gratis fir d'Mënsche gemaach géife ginn, mee un déi déi Meescht net géingen denken.

Naturschutz Hand an Hand mat der Landwirtschaft

Fir de kommunalen Naturschutzsyndikat Sicona wier et wichteg mat de Baueren zesummen ze schaffen a Versteesdemech fir si ze hunn. Am oppe Land wier een automatesch mat der Landwirtschaft a Kontakt. Et géif ee probéiere win-win-Situatiounen ze schafen. "Datt mir dem Bauer entgéint komme wat d'Schneide vun Hecken oder Beem ugeet an datt mir verschidden Elementer op de Baueren hiren Terraine kënne planzen."

Eng aner Alternativ wier de Vertrags-Naturschutz, wann zum Beispill rar Biotopen um Bauer senger landwirtschaftler Surface sinn. De Bauer geréiert déi Flächen extensiv, kritt awer dofir eng finanziell Kompensatioun fir en eventuellen Ausfall vu sengem Ertrag opzefänken. Doduerch géif de Bauer zum Acteur mam Naturschutz ginn, seet de Biolog Yves Schaack vum Naturschutzsyndikat Sicona.


De Site vum Sicona: http://sicona.lu/index.htm

Gespréich mam Yves Schaackplay_arrow