Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Wantervullenzielung als Chance d'Natur ze schützen

Biophilia

D'Wantervullenzielung als Chance d'Natur ze schützen

D'Naturschutzorganisatioun Natur&Ëmwelt organiséiert de Weekend hir Wantervullenaktioun, wou Leit ugehale ginn, Villercher am Gaart a ronderëm hiert Doheem ze zielen. Déi ënnerschiddlech Villerchersaarte sollen de Leit esou méi no bruecht ginn - et ass awer och d'Méiglechkeet, si fir d'Natur als Ganzes ze sensibiliséieren an ze begeeschteren, fënnt d'Tessy Steffen Koenig.

auto_stories

2 min

Alles an der Natur hänkt nämlech zesummen. Datt et ëmmer manner Villercher ginn, déi an eise Gäert a ronderëm d'Haiser fléien, hänkt och domat zesummen, datt si manner Fudder fannen, datt hire Liewensraum ageschränkt gëtt a si keng Plaze méi fannen, fir hir Näschter ze bauen.

Fir d'Natur sensibiliséieren

Esou eng Wantervullenzielung, wéi se vun Natur&Ëmwelt elo de Weekend organiséiert gëtt ass natierlech keng wëssenschaftlech Erhiewung, well vill Variabelen net kënne kontrolléiert ginn, an awer ënnersträicht dës Aktioun, datt dobaussen ëmmer manner geruff a gesonge gëtt.

D'Leit kënnen duerch esou Aktioune sensibiliséiert ginn, dat fënnt och d'Lieke Mevis aus der Naturschutzberodung vun Natur&Ëmwelt:

"Et ass e bëssen nom Motto 'Et schützt ee just dat, wat ee kennt'. Et gi Studien, déi noleeën, datt Kanner an och Erwuessener ëmmer manner d'Villerchersaarten aus dem Gaart kennen, einfach well si sech net méi domat beschäftegen. Leit, déi un esou Aktiounen deelhuelen, kennen an der Moyenne och méi Villerchersaarten. "

De Verloscht vun der Biodiversitéit betrëfft eis all

Dobäi misst eigentlech jiddwereen en Interessi dorun hunn, deen Environnement ze schützen, an deem och mir liewen an eis beweegen. De Verloscht vun der Aartevillfalt betrëfft eis all an huet dramatesch Konsequenzen.

Datt d'Biodiversitéit an d'Biomass ëmmer méi erofgeet ass e mënschegemaachte Problem. Mir hunn et selwer an der Hand, eise Gaart esou ze gestalten, datt vill verschidden Déieren een Doheem fannen. Wann deen aus Schottersteng oder just aus gréngem Wuess ouni Bléi besteet, dann hu mer net dozou bäigedroen, datt aner Liewewiesen an eiser Géigend en Doheem fannen, fënnt och d'Lieke Mevis.

"Dat ass fir vill Leit net esou kloer, datt wann een net frou ass mat den Insekten, an een déi da fort wëllt hunn, datt och aner Déieren dorënner leiden."

E méi en naturnoe Gaart mat doudegem Holz, Grieser, déi d'Chance kréien auszesomen, awer och Fudderplazen, kënnen hëllefen der Natur nees e klenge Schubs ze ginn - an da gesi mer bei der Wantervullenzielung hoffentlech nees ganz vill an och ganz vill verschidde Villercher ronderëm eis Wunnvéierel.

Trotz aller Fräiwëllegkeet muss do virun allem d'Politik hir Verantwortung endlech iwwerhuelen a kloer Reegelen an Ziler definéieren - an dës och anhalen.