Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Richteg, liddereg

Geschicht vum Rechnen

Richteg, liddereg

Säiten a Säite Rechnungen ausféieren ass eng éischter langweileg Aarbecht. A bei d'Langweil kënnt d'Gefor, datt e Feeler geschitt an d'Aarbecht ëmsoss war. Zënter Laangem gouf dofir probéiert, fir déi elementar Operatiounen ze vereinfachen an ze automatiséieren.

Claude Wangen / po

auto_stories

5 min

En Iwwerbléck iwwert den Afloss, deen d'Elektromotoren op d'Entwécklung vun de Rechemaschinnen haten, fënnt een am Computarium vum Dikrecher Lycée. (©Computarium)

Wéi den US-amerikanesche Sänger a Mathematiker Tom Lehrer et scho séngt: D'Mathematik ass iwwerall, ob ee Scheewercher zielt fir anzeschlofen, ob een eppes deele wëllt, oder an Dausend aneren alldeegleche Situatiounen hu mer mat Zuelen ze dinn. Ouni d'Rechne wier eis Zivilisatioun net denkbar.

A well d'Rechnen sou alldeeglech ass, ass et och net verwonnerlech, dass sech d'Spure ganz wäit an d'Vergaangenheet erëmfanne – eng 30.000 Joer wäit souguer. Di éischt wierklech bekannten an iwwerliwwerten Zeeche fir eenzel Zuele stamen awer aus dem Ägypte vum Kinnek Menes. Och d'Mesopotamier an d'Griichen hu versicht sech d'Liewe méi einfach ze maachen, mat jeeweils eegene Rechesystemer. Vu perfekten, gerueden an irrationalen Zuele geet scho beim Pythagoras Rieds. Wéi et dozou koum, erkläert de Claude Wangen am éischten Deel vu senger Geschicht vum Rechnen.

En "Abacus" aus dem "Computarium". De Lycée Classique de Diekirch huet 900 verschidden Objeten gesammelt iwwer d'Geschicht vum Computer. Dës sinn och an engem "virtuelle Musée" ze gesinn. (©Computarium)

Säiten a Säite Rechnungen ausféieren ass eng éischter langweileg Aarbecht. A bei d'Langweil kënnt d'Gefor, datt e Feeler geschitt an d'Aarbecht ëmsoss war. Zënter laangem gouf dofir probéiert, fir déi elementar Operatiounen ze vereinfachen. Laang war den Abacus en alldeeglecht Hëllefsmëttel fir ze rechnen. Mee och wann des Rechebrieder an ähnlech Methoden iwwer Joerdausende gutt funktionéiert hunn, sou haten se dach ee groussen Nodeel: D'Rechnung huet keng Spuren hannerlooss. Just d'Endresultat ass opgeschriwwe ginn, an eng nodréiglech Kontroll war dofir net méiglech.

Money, money, money

Den Drock fir méiglechst einfach mathematesch Method ass mat der Entwécklung vum Handel gewuess. Am Joer 1202 hutt de Leonadro vu Pisa, och Fibonacci genannt, säi Buch Liber Abaci publizéiert, an domatt den Ufank fir eng nei Epoch vum Rechne geluecht. D'Buch huet gehollef di schrëftlech Rechemethoden ze verbreeden. Fir dës Operatiounen auszeféieren, huet de Fibonacci sech op di arabesch Ziffere baséiert, déi domat dunn och populariséiert gi sinn. Eng vun de wichtegen Iddiën, déi mat dësem Buch agefouert goufen, betrëfft d'Multiplikatioun. Wéi den John Napier dann am Ufank vum 17. Joerhonnert erméiglecht, sech bei Multiplikatioun an Divisioun manner ze verrechnen, dorëms geet et am zweeten Deel vun der Serie gewuer.

Dem John Napier seng Rechestiewercher, waren och een éischte Schrëtt a Richtung vum automatiséierte Rechnen. Mat Hëllef vun 10 Stiewercher (een fir all Ziffer vun 0 bis 9) konnte Multiplikatiounen sou staark vereinfacht ginn, dass de Benotzer just nach hutt mussen eestelleg Zifferen zesummerechnen, an heiansdo eng 1 mat an di nächst Stell arechnen.

Präzis, mee net automatesch: dem John Napier seng Rechestiewercher (©Computarium)

Ongeféier zur selwechter Zäit wéi den Napier seng Rechestiewercher entwéckelt hutt, hunn an Däitschland de  Johannes Kepler an de Wilhelm Schickard un der éischter wierklech automatescher Rechemaschinn geschafft. An engem Bréif vum 20. September 1623 schreift de Schickard dem Kepler, en hätt eng Maschinn gebaut, déi Zuelen addéiert, subtrahéiert, multiplizéiert an dividéiert: „Du géifs haart laachen, wann s Du do wiers a gesi géifs, wann et iwwert en Zéngter oder Honnerter eraus geet a vum selwen erhéicht, oder beim Ofzéien eppes ewechhëlt.“

D'Maschinnen iwwerhuelen

Ee vun de Problemer vun dëser Maschinn war awer d'mechanesch Kraaft déi op verschidden Deeler gewierkt hutt. De franséische Mathematiker Blaise Pascal huet dee Problem geléist, mee krut seng Erfindung net kommerzialiséiert. Hire Mechanismus war immens empfindlech, soudass en alldeegleche Gebrauch kaum méiglech war. An dat sollt och all Efforte fir automatescht Rechne fir di nächst zwee Jorhonnerten nach bremsen.

Mam Ufank vun der Industrialiséierung am fréien 19. Jorhonnert awer sollt de Besoin fir sou Maschinnen awer staark wuessen, an domat dann och den Interêt fir se ze bauen. 1820 hutt sou de Fransous Charles Xavier Thomas de Colmar di éischt Rechemaschinn baue kënnen, déi och e wierkleche kommerzielle Succès gi sollt. Schnell sinn och aner Rechemaschinnen op de Marché kommen.

Déi éischt elektronesch Rechemaschinn vum Dikrecher Lycée war eng Burroghs C2216 vun 1094) (©Computarium)

1875 huet den Amerikaner Frank S. Baldwin eng Maschinn gebaut, déi vill méi kleng a méi liicht war wéi all déi virdrun. An Europa goufen éischter d'Apparater vun der schwedesch Firma Odhner an der däitscher Brunsviga verkaaft. De Succès war gewalteg: Brunsviga huet an den éischten 20 Joer vun hirer Existenz iwwer 20.000 Rechemaschinne verkafe kënnen. Bis d'Produktioun an de 1970er Jore gestoppt gouf sollten et Millioune sinn.

Natierlech sinn och des Maschinne weider entwéckelt ginn, an d'Aféierung vun den elektresche Stroumnetzer hutt derzou gefouert, dass di mechanesch Rechemaschinne méi a méi mat Elektromotore funktionéiert hunn.

Den drëtten Deel vum Claude Wangen senger Serie iwwer d'Geschicht vum Rechnen kënnt Dir hei lauschteren: