Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D’Geschäft mam Doud

Doudegriewer

D’Geschäft mam Doud

Stierwe muss jiddereen eng Kéier. Dat heescht also doudsécheren Ëmsaz fir d'Doudegriewer. Awer d'Branche huet sech den economeschen, ecologeschen a gesellschaftleche Verännerunge missen upassen.

André Dübbers / ys

auto_stories

4 min

D’Exigenze vun de Leit si ganz ënnerschiddlech. Dobäi geet et net nëmmen ëm de Choix tëscht dem traditionelle Begriefnis an enger Anäscherung. Et ass éischter dat, wat deem enge méi an dem anere manner wichteg ass. Bei den Anäscherunge stellt sech d'Fro ob eng Urn oder net. Bei engem Begriefnis ass de Choix vum Sarg a wat d'Blummen ubelaangt quasi onbegrenzt.

Pompes-funèbres

Och wann d’Geschäft vum Doudegriewer zukunftssécher ass, mussen d’Pompes-funèbres hire Cliente ganz verschidden Zerwisser offréieren, fir um Marché kompetitiv ze bleiwen. D’Sandra Bous schafft am Secteur: "Si kréie bei eis d'Pabeiere gemaach. Si kënne bei eis d'Blumme eraussichen. Si kënnen iwwert eis mat engem Marbrier schaffen, fir d'Graf op an zou ze decken. Mir bidden och dee kompletten Zerwiss vun der Trauerbegleedung un."

D’Pompes-funèbres sinn an enger Federatioun regroupéiert. War et fréier d’Fédératioun vun de Schräiner, hunn d’Doudegriewer hautdesdaags hir eege Federatioun. Well wéineg Doudegriewer nach Schräiner sinn, verschidde Schräiner awer nach Pompes-funèbres sinn, erkläert d’Sandra Bous.

D'Federatioun géif sech och mat Gesetzer a Reglementer beschäftegen. Zum Beispill mat der Fro, wou däerfen Äsche gestreet ginn, a wou net. Et soll eng Federatioun mat Ambitioune ginn. Den Ament ass een am gaang en Deontologie-Code auszeschaffen.

Privat oder Flamma?

D’Tendenz sech anäscheren ze loossen hëlt zou. D’Asbl Flamma versprécht hire Memberen eng gratis Incinératioun. De Guy Bous vun den Pompes-funèbres Bous erkläert, datt de Client bei hinne fir genee déi Servicer géif bezuelen, déi hie gär hätt. Bei der Flamma géifen d'Leit iwwer d'Joere vill abezuelen. "D'Déngschter, déi duerno um Begriefnis gemaach gi vun der Flamma, déi loossen a mengen Aen ze wënschen iwwereg. Vun dohier ass et fir mech einfach ze deier."

Wéi esou dacks kënnt et op de Point de vue un. De Président vun der Incinératiouns-Associatioun, den Eugène Schmit ass anerer Meenung. "Bei privat Betriben kritt ee suggeréiert, dat méi luxuriéis ze maachen a méi schéin ze maachen. Dat steet all Mënsch fräi. Mir wësse vu Leit, déi eis dat soen, an d'Rechnunge soen dat och, datt d'Präisser am private Secteur effektiv méi héich sinn. Obschonn, wann ee si drop usprécht, soe si, si kéinten et och zu deem anere Präis maachen." 

D'Flamma géif scho Joerzéngte laang mat där selweschter Firma schaffen. "Déi maachen dat Picco Bello. Also d'Leit sinn zefridden, dat ass würdeg a schéin. Do huet nach ni een eppes drun auszesetze gehat."

Trend Anäscherung

D’Tendenz hin zur Incinératioun klëmmt. Am Ufank vum leschte Joerhonnert huet d’Weltanschauung nach eng Roll gespillt. Déi ass awer am Laf vun der Zäit vun aneren Iwwerleeungen ofgeléist ginn. "D'Leit maachen dat net nëmmen aus economesche Grënn, mee och nach aus ecologesche Grënn. Vill Leit mengen, et wär méi propper wann een duerch déi Flamme pure géif geläutert ginn. Dat wär méi ecologesch wéi am Buedem ze faulen a vun de Wierm gefriess ze ginn," seet den Eugène Schmit. Awer et géifen och economesch Virdeeler. Virun allem, wann een d'Äsche géif direkt zu Hamm streeën, géife vill Käschte ronderëm ee Graf ewechfalen.

D’Flamma propagéiert zanter 110 Joer d’Anäscherung. D’Incinératioun soll awer keen Dogma  sinn. Et gëtt awer nach ee gudde Grond fir den Trend zur Anäscherung: A Groussstied wéi Paräis oder New York feelt et ganz banal u Plaz.

Bëschkierfechter

Vill Gemengen zu Lëtzebuerg ginn op de Wee vun de sougenannte Bëschkierfechter. Dat heescht, datt d’Äschen am Bësch verstreet ginn. Dat huet dann awer éischter mat dem Wonsch no der Natur wéi mat engem Problem vu Plaz ze dinn. De Marc Schaefer, de Buergermeeschter vu Veianen seet, et géif eng Demande ginn, an där géif een nokommen. "Um Bëschkierfecht däerfen awer natierlech keng Urnen agegruewe ginn. Dat heescht d'Äsche musse verstreet ginn."