Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Daniel Balthasar - Got What You Wanted

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mat engem "Selfie" fir 15 Minutte berühmt

Celebrity Culture

Mat engem "Selfie" fir 15 Minutte berühmt

Am klasseschen "Hollywood-Star-System" hunn déi grouss Filmstudioen sech hir Schauspiller zu Publikumsmagnéiter forméiert. Mëttlerweil huet de Persounekult ronderëm Figuren aus der Populärkultur sech an eng nei Form, déi vun der "Celebrity Culture" gewandelt. Eng anscheinend iwwerflächlech Kultur, déi bei all Klengegkeet zum Event, oder éischter Non-event ka ginn. Mat der Selfie-Kultur hunn d'Staren aus dem Medienzirkus eng nei Konkurrenz.

Christian Mosar / po

auto_stories

7 min

D'Paparazzien am Federico Fellini sengem "La Dolce Vita" vun 1960

Et geet dobäi net nëmmen ëm dem Warhol säi Saz "In the future, everyone will be world-famous for 15 minutes", deen hien an de Programm vun enger Ausstellung am "Moderna Museet" vu Stockholm 1968 geschriwwen hat. Et gëtt dobäi virun allem drëms, dass déi ganz "Celebrity Culture" e Phenomen vun enger riseger Inszenéierung vun der Wierklechkeet duerch de Filter vun de Massemedien ass.

Kee richtegt Liewen am Starkult

Zum Schluss vum Zweete Weltkrich hat den Theodor W. Adorno ugefaangen u senger Aphorisme-Sammlung "Minima Moralia" ze schreiwen. Am leschte Saz vum 18. Aphorismus heescht et: "Es gibt kein richtiges Leben im Falschen". De kuerzen Text mam Titel "Asyl für Obdachlose" huet sech eigentlech domadder beschäftegt, dass et an dem modernen Zäitalter ganz schwéier gi wier dezent ze wunnen. An der éischter Versioun stoung nach: "Es lässt sich privat nicht mehr richtig leben".

Mee "Es gibt kein richtiges Leben im Falschen" ass ganz schnell zu enger Riedensaart ginn a krut eng aner Bedeitung. An eisem Kontext vun der "Celebrity Culture" trëfft se dat kënschtlescht vun dëser Kultur déi haut de Mainstream dominéiert.

D'Celebrity Culture am Selbstportrait: D'Schauspillerin Ellen DeGeneres huet bei der Oscar-Iwwerreeschung 2014 ee Selfie gemaach, deen op Twitter de Rekord vun de meeschte "Retweets" gebrach huet.

1961 hat den amerikaneschen Historiker, Schrëftsteller a spéideren Direkter vun der "Library Of Congress" Daniel J. Boorstin säi Buch "The Image" erausginn. Mam Ënnertitel "A Guide to Pseudo Events in America". Dem Boortsin seng These ass, dass an d'USA an engem Zäitalter ukomm waren, an deem Illusiounen a fabrizéiert Evenementer eng dominant Kraaft an der Gesellschaft gi waren. D’Amerikaner géifen an enger "scripted reality" liewen an d’ëffentlecht Liewe géif virun allem aus sougenannte Pseudo-Evenementer bestoen.

Souguer d’Tourismusindustrie, déi an hiren Ufänk alt emol nach en Zougank zu enger exotescher Realitéit verschafe konnt, hätt sech elo op eng prefarbrizéiert Visioun vun der Welt zréckgezunn. Déi kritik koum dee Moment an den USA virun allem vun de Konservativen, der politescher Droite. Et war d’Angscht, dass d’Héichkultur komplett duerch eng vulgär Massekultur géing ersat ginn. Amerika, esou de Boorstin, wier ënnert der "Menace vun der Onrealitéit". An dee Realitéitsverloscht wier eng Bedrohung fir dat ganzt Land.

Pseudo-Event Pressekonferenz

Als Beispill huet de Boorstin Pseudo-Evenementer beschriwwen. Haut géife mir dat e "Medienereignis" nennen: Eppes wat organiséiert an duerchgefouert, also inszenéiert gëtt, just fir Medienduerstellungen ze produzéieren. Et ass de Géigendeel vun eppes wat spontan geschéie géif. E "Medienereignis" huet seng eegen Dramaturgie, ka widderholl ginn an huet e Budget. Virun allem huet et als Konseuqnz, dass ee muss doriwwer Bescheed wëssen, wann een an der neier Mediengesellschaft als informéiert wëll gëllen.

Pressekonferenze sinn den Archetyp vum Pseudo-Event, grad wéi all Zorte vu Präisiwwerreechunge bei deenen am grousse Mooss alles gesteiert ass. Typescht Beispill ass d'Iwwerreeche vun den Oscaren. An méi rezent och alles wat sech ronderëm d'ëffentlecht a mëttlerweil och pseudo-privat Liewe vun der "People-Subkultur" ofspillt. Nei Medien, wéi sozial Netzer, hunn deen Effekt vum Pseudo-Event nach eng Kéier acceleréiert a ginn engem eng zousätzlech Illusioun vum "Direkt-Derbäi-Sinn".

Vun de Paparazzi zu de Situationnisten 

E schéint Beispill, wat  Pseudo-Evenementer kënne sinn, ass nach ëmmer dem Federico Fellini säin "La dolce vita" aus dem Joer 1960. De Marcello Mastroianni spillt hei e Society-Reporter, deen eigentlech soss näischt mécht, wéi iwwert de Schäi vun der Selbstinszenéierung vun der feiner réimescher Gesellschaft ze rapportéieren. Een Deel vun dëser Aarbecht sinn d’Fotoen, déi seng Paparazzi fir hie schéissen. De Paparazzo als Figur ass mam Fellini sengem Film berühmt ginn a war vun deem Moment un e festen Deel vun deem falsche Liewe vun der "Celebrity Culture".

Den nämmlechte Reproche koum interessanterweis och aus engem ganz aneren Deel vum sozio-politesche Spektrum: Dee vun den "Internationale Situationnisten" an hirem Virdenker dem Guy Debord. Sechs Joer no dem Boorstin sengem Buch (also nach viru Mee '68) huet de lénken Auteur a Militant seng Sammlung vun 221 Thesen ännert dem Titel "La Société du Spectacle" eraus ginn. Dëse politeschen Essay ass eng verklausuléiert awer pardoxalerweis an engems eng direkt Kritik un der Konsumgesellschaft. Dee Modell also, an deem e Pasolini spéider och en neie Faschismus erkenne wollt.

De Guy Debord huet der kapitalistescher Gesellschaft vun der Nokrichszäit d’Schold dru ginn, dass ee vu sengem richtege Liewen entfriemd gëtt. De "métro-boulot-dodo" war nëmmen en Deel vun dëser Trennung vum richtege Liewen. De Situationnisten no huet sech den neien Typ vum Kulturkonsument als en Affer entlarvt. Esou wéi fir de Fléissbandaarbechter d'Produkt vu senger Aarbecht friem gëtt, esou gëtt de Mënsch vun der zweeter Halschent vum 20. Joerhonnert duerch d’sozio-kulturell Industrien (Televisoun, Kino, etc) vun deem getrennt, wat en eigentlech ustrieft: Nämlech dat richtegt Liewen. "Le spectacle n'est pas un ensemble d'images, mais un rapport social entre des personnes, médiatisé par des images", schreift den Debord an: "Le vrai est un moment du faux".

"Selfie from Hell": D'Meelah Adams huet an hirer Bachelor-Aarbecht analyséiert, ob a wéi een de Succès vun engem Video um Internet ka provozéieren. Kuerz Zäit war de Video vun der däitscher Schauspiller "viral" ginn.

1998 koum mat dem Georg Franck sengem Buch iwwert d'"Ökonomie der Aufmerksamkeit" e weidere Bausteen zur Theorie vun der aktueller Mediegesellschaft derbäi. An dësem Text huet hien duergestallt, wéi an der Infromatiounseconomie d’Onopmierksamkeet vun de Leit eng ganz rar Wuer ginn ass. Mat den neie Medie geet d’Accessibilitéit zu der Informatioun exponentiell an d’Luucht, während d’Käschte fir Entertainment an Informatioun erof ginn.

Opmierksamkeet als nei Währung

Et ass also net den Zougank, dee begrenzt ass, mä d'Zäit an d'Opmierksamkeet, déi mir hinne schenken: „Die Aufmerksamkeit anderer Menschen ist die unwiderstehlichste aller Drogen. Ihr Bezug sticht jedes andere Einkommen aus. Darum steht der Ruhm über der Macht, darum verblaßt der Reichtum neben der Prominenz."

Prominenz ersetzt haut den ale Starsystem. Schauspiller, wéi den Johnny Depp, brénge keng grouss Gewënnmargen. Seng läscht Filmer, wéi "Lone ranger", "Transcendence" oder "Mortdecai" ware katastrofal Floppen. Mee den Depp ass prominent an dat ass säi wierklecht Kapital, net säin Talent. Déi Prominenz kann a ganz anere Regëster spillen: Zum Beispill bei Parfumsreklammen.

Mee all dës Figuren aus dem Medienzirkus hunn eng nei Konkurrenz. Dat ass d’Selfie-Kultur, déi vun der Selbstinszenéierung iwwert déi nei Medie liewt. Et brauch een net bei Talentshows matzemaachen oder drop waarden, dass een iergendwéi vun engem op der Strooss entdeckt gëtt. Deen neie Boulevard op deem sech alles ofspillt si sozial Netzwierker an Youtubekanäl. Si sinn net nëmmen d’Bühn vun enger hemmungsloser Selbstduerstellung, mee och vun enger neier Economie vun der Selbstvermaartung. Den "Instant succes", also den direkte Succès, ass natierlech och grad sou séier nees vergaangen an net wierklech ze kontrolléieren.