Radioen

On air

Notturno  |  Nourished By Time - The Fields

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ A wat war virun Tschernobyl?

Zäithistoriker

A wat war virun Tschernobyl?

Virun zwou Wochen ass un d'Atomkatastrophe vun Tschernobyl erënnert ginn. E Grond fir den Zäithistoriker Denis Scuto un déi Zäit virdrun z'erënneren, wou Mënschen och hei zu Lëtzebuerg op d'Strooss gaang si fir d'Konstruktioun vun Atomzentralen ze verhënneren.

auto_stories

19 min

Denis Scuto

D'Commemoratioun vum 30. Joresdag vun der Katastroph vun Tschernobyl huet mech als Historiker frappéiert. Ech war iwwerrascht vum Decalage tëscht dem groussen Interessi fir d'Konsequenze vum Evenement an dem wéinegen Interessi fir d'Ursaachen, fir seng Virgeschicht. Tschernobyl steet fir mech mam Fall vun der Berliner Mauer fir d'Enn vun enger historescher Period, déi méi misst ënnersicht ginn.

Am Joer 2004 hat sech den Hartmut Kaelble, Professer fir Sozialgeschicht un der Humboldt-Universitéit zu Berlin, Auteur vun enger Sozialgeschicht vun Europa vun 1945 bis haut, an der franséischer Revue Vingtième Siècle gefrot, firwat d'70er an d'80er Joren sou wéineg erfuerscht wiere vun den Historiker, an esou wéi eng Tëscheperiod géifen erschéngen, gro Joer, Krisejoer tëschent de spektakulären Trente Glorieuses nom Krich an der genee esou spektakulärer Epoch nom Mauerfall.

Déi Period vun 1973 bis 1989 eegent sech, dem Kaelble no, fir zwou Interpretatiounen, déi sech widderspriechen. Si kann engersäits betruecht gi wéi eng Zäit vun Niddergang mat enger laanger Lëscht vun Indicateuren: Wirtschaftskris, Desindustrialiséierung, Wuesstem am Ralenti, staark Inflatioun a Massenaarbechtslosegkeet, Precaritéit vun der Aarbecht, Stagnatioun vun de Léin, Réckgang vun der Natalitéit, Bildung an der Kris an iwwerfëllten Unien, vernoléissegt Stied an hir Banlieuen, nei politesch Geforen, wéi ethnesch Konflikter, de Retour vum Kale Krich, d'Korruptioun vun den Eliten, de politeschen Desinteressi vun de Bierger, d'Nees-Opkomme vun der Extrême-droite.

Normalitéit

Mee déi Joren kënnen och interpretéiert gi wéi e Retour zur Normalitéit no exzeptionelle Jore vu Prosperitéit, zu engem relative Pragmatismus no den onrealistesche Visioune vu kapitalisteschen oder kommunisteschen Utopie vum Gléck ouni Limitten. De Kaelble erënnert och drun, dass nei Utopie Form ugeholl hunn an där Zäit. An de 70er an 80er Joren huet den Antikonformismus seng Nues gewisen, sinn, no Mee 68 traditionell Valeuren a Fro gestallt an transforméiert ginn: d'Famill an d'Bestietnis, d'Erzéiung an d'Sexualitéit, aner Forme vun Demokratie a politescher Aktivitéit vun de Bierger si verbreed ginn. Déi Jore vum Abschied vum ëmmer méi grousse Wuelstand waren an engems d'Begréissung vun enger méi grousser Diversitéit: Pluralitéit vun de Liewensweeër, souwuel a Saachen Zesummeliewen wéi Aarbecht, wéi Fräizäit oder eng aner Aart a Weis fir mam Alteren ëmzegoen, an d'Perspektiv vum lifelong learning. Wéi de Kaelble ënnerschreift, war et iwwregens eng Zäit vu Mutatiounen, souwuel am Weste wéi och am Osten.

Déi Zäit an déi Welt - et ass wéi wann et se net gi wier fir all déi Persounen, déi zënter den 80er Jore gebuer sinn an déi deemools nach gedeelte Welt net kannt hunn. Mee si erschéngt och deenen, déi se bewosst erlieft huet, haut ganz wäit ewech - esouvill huet d'Welt sech verännert.

Versiche mer also haut un déi Joren 1973-1989 z'erënneren a fir hir Erfuerschung ze plädéiere mat engem duebelen Exercice vun "ego-histoire".

Ego-histoire

Éischtens andeems ech iech vun enger Reussite an engem Echec am Beräich vun der Geschichtsfuerschung schwätzen. Mäi Kolleg Historiker Paul Lesch, haut Direkter vum Centre National de l'Audiovisuel (CNA), Member vun der selwechter Promotioun 1989-1992 vum Stage pédagogique fir Geschichtsprof wéi ech, hat säi wëssenschaftleche Memoire iwwer en äusserst zäitgenëssesche Sujet geschriwwen: le patriotisme, le militarisme et l'anticommunisme dans le cinéma américain 'reaganien' (1981-1988). Ee Jurysmember, en Altertumshistoriker huet dem Paul säi Sujet kontestéiert mam Argument, Geschicht kéint een eigentlech eréischt nom Dout vun den Zeien ufänken ze schreiwen. (Haut, wou ech d'Geschicht vun der Historiographie besser kennen, géif ech him äntweren dass déi, déi als déi éischt Historiker vun der westlecher Welt ugesi ginn, den Herodot an den Thukydides, Idoler vun dësem Jurysmember, grad iwwer déi ganz rezent Geschicht geschriwwen hunn, iwwer d'Kricher zu hire Liefzäiten, also iwwer den Temps présent.)

Ech hat net de Courage vum Paul Lesch, och wa mäi Sujet, mengen ech, och ganz interessant a pertinent war. Mäi Memoire goung iwwert eng Zäit, wou d'Zeie verschwonne sinn: Le monde de l’ouvrier mineur et de l’ouvrier d’usine. Vie et travail dans le bassin minier luxembourgeois (1870-1914). Mäin éischte Versuch eng histoire du temps présent ze schreiwen war nämlech dat Joer virdru feelgeschloen. Kuerz no mengem Unisstudium an iert ech an den Enseignement goung, hat de Mouvement écologique mech 1988 freelance agestallt fir iwwer d'Zäit vun 1973 bis 1988 ze schreiwen. Ech sollt d'Geschicht vun de Biergerinitiativen zu Lëtzebuerg schreiwen, ugefaang bei der Initiativ 1973 - wien erënnert sech nach drun? - géint e Parking am Stater Park. Mangel un Erfahrung vum jonke Chercheur, Seelenheet an Eparpillement vun de Quellen, Mangel un Distanz... Op jidder Fall ass et beim Projet bliwwen an d'Geschicht vun de Biergerinitiativen huet och zënterhier kee geschriwwen.

Bedeelegung um Protest

Ego-histoire zweetens als historeschen Akteur vun där Period 1973-1988, grad am Beräich Biergerinitiative géint Atomkraaft. Ech sinn aus Altersgrënn eréischt ënnerwee, am Joer 1979, als ganz jonke Bierger op deen Zuch gesprongen. De 4. Juni 1979, op Päischtméindeg, hunn ech mat 14 Joer u menger éischter grousser Manifestatioun deelgeholl. Op Initiativ vu franséischen, däitschen, belschen a lëtzebuergeschen Associatiounen (zu Lëtzebuerg d'Biergerinitiativ Museldall an de Comité national d'action pour un moratoire -CNAM), wollte mer op Thionville fuere fir géint de Projet vu Konstruktioun vun enger Atomzentral zu Cattenom ze protestéieren. Mee déi franséisch Autoritéiten haten eppes dogéint an hunn einfach d'Grenze mat Frankräich op enger Längt vun 250 km blockéiert. Et war déi éischte Kéier, dass ech live déi berüchtegt CRS gesinn hunn, déi an enger Rei de Grenziwwergank zu Fréiseng blockéiert hunn. Vu dass se all déi, déi wéi "antinucléaires" ausgesinn hunn, net eriwwer gelooss hunn - d'Kritäre ware basic: laang Hoer, Jeans, lacker Kleedung op deem waarmen Dag a komesch Autocollants um Auto, hu mär op der lëtzebuergescher Säit d'Grenz och blockéiert, bis mer decidéiert hunn all an d'Stad ze fueren an do zu e puer Dausend mat engem Sit-in virun der franséischer Ambassade um Boulevard Roosevelt ze protestéieren.

Den Hartmut Kaelble hieft als eng Charakteristik vun där Period 1973-1989 d'Stagnatioun vum europäeschen Unificatiounsprojet ervir (bis dass den Acte unique vun 1986 an de Mauerfall 1989 eng nei Dynamik sollt lancéieren). D'Manif vum 4. Juni 1979 ass symbolesch fir déi Stagnatioun. Eng Woch virun den éischte Wahle fir d'Europaparlament iwwer dat direkt allgemengt Wahlrecht vum 10. Juni 1979, huet Frankräich, ee vun de Grënnerstate vun der europäescher Gemeinschaft, seng Grenze fir d'Bierger vun dräi anere Grënnerstaten zougemaach. De Kommentar vum Tageblatt war: "Von den französischen Behörden wurde gestern auf eklatante Art und Weise demonstriert, was man in Paris von einem freien und gemeinsamen Europa hält."

Fir mäin Alter fréi, mee fir d'Saach ze spéit sinn ech an d'Anti-Atomkraaft-Bewegung agetrueden. Well zu deem Moment schonns déi ganz wichteg Campagne géint dat wat de Projet vum Jorhonnert genannt gouf, nämlech eng Atomzentral zu Remerschen, eriwwer war. Vun der CSV-DP-Regierung 1972 lancéiert, weidergedriwwe vun der DP-LSAP-Regierung, gouf dëse Mega-Projet mat engem viraussiichtleche Käschtepunkt vu 60 Milliarde Frang 1978/1979 definitiv gestoppt, no enger Biergercampagne, mee och no Debaten tëscht de Parteien a bannent der sozialistescher Partei, no 1050 Presseartikelen, wéi de Paul Kayser betount an der eenzeger Monographie, déi bis elo zum Sujet publizéiert gouf: "La centrale nucléaire de Remerschen. Tout sur le projet luxembourgeois le plus ambitieux du siècle" (1992). De staatlechen Expert Kayser war ee vun de Promoteure vum Projet an un der Spëtzt vun der Commission interministérielle de contrôle de l'étude pour l'implantation éventuelle d'une centrale nucléaire.

Historeschen Interêt vun där Zäit

Och wann et nach aner interessant Quellen zu dësem Projet an dem Kampf dogéint gëtt - erwähne mer d'Wäissbuch vum CNAM zu Remerschen, den historeschen Iwwerbléck vun der Journalistin Monique Mathieu am Almanach vum Jorhonnert vu Binsfeld, eng ganz Rei Artikelen an der Zäitschrëft forum - steet eng wëssenschaftlech Geschicht dovun nach aus.

Si wäert de groussen historeschen Interêt vun där Zäit ënnersträichen. Nei politesch Akteure koumen op déi national Bühn, hunn déi traditionell politesch Welt gerëselt an an engems de Wiessel vun de politesche Majoritéiten taktesch gutt ausgenotzt - mat enger CSV déi an der Oppositioun de Projet, deen se mat lancéiert hat, no 1974 net méi ënnerstëtzt huet an enger sozialistescher Partei, déi ee konnt drun erënneren, dass se an der Oppositioun dem Projet skeptesch géintiwwer stoung. Um Beispill vun der Biergerinitiativ Museldall an hirer Presidentin Elisabeth Kox-Risch vu Réimech. Hiren Engagement géint d'Atomzentral huet dozou gefouert, dass se géint hire Wëlle vun der CSV-Lëscht fir d'Parlamentswahlen vun 1974 gestrach gouf. Mär fannen si (mat hire Kanner) a mat anere Protagoniste vun deem Kampf géint d'Atomkraaft an den 80er an 90er Joren erëm op de Lëschte vun der neier Partei vun de Gréngen, nieft Militanten, déi vun der LSAP koumen, wéi de Jean Huss, President vun de Jeunesses socialistes an de 70er, oder aus de Lëtzebuerger marxistesch-leninistesche Gruppen no Mee 68, wéi dem Thers Bodé. De Kampf géint Remerschen war den éischte groussen Defi fir Jeunes et Environnement aus deem de Mouvement écologique ervir goung, dee sech zënter hir als Ëmweltlobby an der Lëtzebuerger politescher Landschaft duerchgesat huet. De Regierungsexperte goufen Experte vun de Biergerinitiativen entgéintgesat. Eng aner Originalitéit vum Kampf géint Remerschen war, dass eng vun de Schlësselfigure vum CNAM, de Claude Wehenkel, aus der LSAP war an den Debat an entscheedend Instanze vun der Partei gedroen huet, enger Partei, där hir Decisioun fir e Moratoire um ausseruerdentleche Kongress vun Oktober 1977 den Ufank vum Enn vum Projet bedeit huet.

Déi grenziwwergräifend Campagne géint Remerschen huet d'Konstruktioun vun där anerer Zentral op der Musel, där vu Cattenom, net kënne verhënneren (eng Atomzentral, déi - wéi de Paul Kayser zu Recht ervir hieft - och gebaut gi wier wa Remerschen zustan komm wier). Mee, iwwer d'Transformatioun vun der politescher Landschaft eraus, huet déi Campagne zu Lëtzebuerg d'Enn vum blanne Vertrauen an de wëssenschaftlechen an technologesche Fortschrëtt bedeit an den Ufank vun enger Reflexioun iwwer d'Limitte vum Wuesstem an iwwer eng alternativ Energiepolitik. Den alldeeglechen Ubléck vu Cattenom mat senge véier Reakteren erënnert eis haut drun, dass dës Defien aktuell bleiwen.