Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Sam Evian - Freezee Pops

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zwee Lëtzebuerger an der Elbphilharmonie

Architektur a Musek

Zwee Lëtzebuerger an der Elbphilharmonie

Mam Dan Tanson an dem Fränz Kremer sinn zwee Lëtzebuerger bei der Erëffnung vun der Elbphilharmonie derbäi. Deen ee schafft als Regisseur, deen aneren als Redakter. Wéi ass d'Akustik? A wéi een Zweck huet d'Elbphilharmonie vir d'Awunner vun Hamburg?

auto_stories

4 min

10 Joer nodeems de Grondsteen geluecht gouf, ass et elo sou wäit: D’Elbphilharmonie feiert hir Ouverture. Der neier Heemecht vum NDR-Elbphilhamonie-Orchester hunn d’Architekten Pierre de Meuron, Jaques Herzog an Ascan Mergenthaler eng gliese Fassade ginn, an där sech de Floss, d’Hafen-City an d’Stad Hamburg spigelen. Esou ass et hinne gelongen e Gebai z’entwerfen, dat gläichzäiteg eraus stécht, wéi och verbënnt.

Gebaut gouf déi nei Philharmonie iwwert een denkmalgeschützt Gebai, dem "Kaiserspeicher A". Den Zweck vun dëser Hal war et Produiten, déi iwwer den Hafen vun Hamburg transportéiert goufen, tëschen ze lageren. Nodeems den Hafen 1990 op eng aner Platz verluecht gouf, huet de "Kaiserspeicher" säin Zweck verluer.

Tëscht Kathedral a Kéisrapp

Den Dan Tanson, e Lëtzebuerger Regisseur deen bei der Erëffnungsfeier Opféierunge vir Kanner leed Beschreiwt d’Gebai esou: "Vu baussen ass et bal wéi eng Kathedral, esou ee wahnsinnegt Gebai ewéi d'Sagrada Familia zu Barcelona." Gläichzäiteg hätt d'Gebai eppes vun enger Kéisrapp.

De Fränz Kremer, dee fréier an der Lëtzebuerger Philharmonie um Kierchbierg fir d’Press zoustänneg war, schafft elo an der Redaktioun vun der Elbphilharmonie. Fir hien ass d’Verbindung tëschent dem "Kaiserspeicher" an dem moderne Gebai besonnesch impressionant. Et wier flott, datt een net dat eent ofgerappt hätt, fir eppes Neies ze bauen. En plus, kéint och deen ënneschten Deel elo nach benotzt ginn. Tëschent dem "Kaiserspeicher" an dem Uewerbau ass eng Plaza. Déi ass op enger Héicht vun 37 Meter a bitt e Bléck op d’Stad, d’Elbe an den Hafen.

"Wäibierg" mat exzellenter Akkustik

De grousse Concertssall - d’Häerzstéck vun der Elbphilharmonie - gouf a Form vun engem Wäibierg konzipéiert. Ronderëm d’Bühn an der Mëtt sinn d’Sëtzplazen an enger Pente esou verdeelt, datt kee Spectateur méi wäit wéi 30 Meter vum Dirigéierpult ewech ass.

Dëst ass ëm sou méi erstaunlech wann ee bedenkt, datt iwwer 2.000 Leit an de Raum era passen. Eppes ganz Besonnesches soll och d’Akustik vum Sall sinn: Fir datt vu Bausse keng Geräischer oder Vibratiounen era kommen, steet de Sall op 360 Fiederen. Am Sall suergt e Klangreflektor iwwert der Bühn dofir, datt de Schall gläichméisseg am Raum verdeelt gëtt. D’Mauere si mat iwwer 10.000 individuell gefräste Gibsplatten bedeckt, déi vum Akustiker Yasuhisa Toyota eenzel entworf goufen.

Déi Museker, déi schonn am grousse Sall prouwe konnte, si begeeschtert. Dem éischten "Artist in Residence" Philippe Jaroussky no géing seng Countertenor-Stëmm esou u Volume gewannen, datt e sech wéi e Wagner-Sänger ville géing. Och d’Organistin Iveta Apkalna bewonnert de volle Klang deen entsteet ouni, datt déi eenzel téin u Präsenz géinge verléieren. D’Akustik vum klenge Sall, konnt den Dan Tanson viru kuerzem testen: Och ganz hannen am Sall géif een eng kleng Gei ganz däitlech héieren.

Net just Klassik

Wéi d’Elbphilharmonie elo wierklech kléngt, dat kann ee wahrscheinlech réischt nom éischte Concert soen. Lass geet et um Owend vum 11. Januar mat engem offizielle Fest-Akt. Do halen dann och d'Bundeskanzlerin Angela Merkel an de Bundespräsident Joachim Gauck eng Ried. An dono ass de grousse Concert vum NDR-Elbphilharmonie-Orchester, präziséiert de Fränz Kremer.

D'Erëffnungsfestivitéiten zéie sech iwwert en Zäitraum vu bal dräi Wochen. Optriede wäerte Gréisste wéi de Phillip Jaroussky, de Riccardo Muti an de Kent Nagano. Allerdéngs wéilt ee sech net nëmmen op de Genre Klassik beschränken: "Et kommen och d''Einstürzende Neubauten', déi Berliner Kult-Band. Déi maachen ee komplett anere Programm. An dat ass och d'Konzept, datt vun allem eppes dobäi ass."

Eng Welt, fir z'entdecken

Eng grouss Bedeitung soll d’Elbphilharmonie elo net nëmmen vir déi international Museksszene kréien, mä och vir d’Bierger vun Hamburg. D'Philharmonie soll eng Institutioun sinn, déi Musek vermëttelt. Ënnen am Gebai sinn dofir Studioen, a Raim ageriicht ginn, an deenen eng ganz Rëscht musikalesch Aktivitéiten vir Jonk an Al ugebuede ginn. Et gi fënnef oder sechs Orchestere fir Amateuren, déi regelméisseg prouwen, erkläert de Fränz Kremer. Da solle Chéier opgebaut ginn. Geplangt sinn och Workshope mat Conservatoiren aus Hamburg.

Am Keller sinn iwwer 400 Instrumenter gelagert: Dës "Instrumentewelt" kënne Schoulklassen oder Privatgruppen ausprobéieren a ginn dobäi vu Pädagogen ënnerstëtzt. Sou wier de ganzen Dag Liewen am Haus, betount de Fränz Kremer. Zu dësem Konzept passt och, datt an der Elbphilharmonie net nëmme Concerts- a Prouwsäll ënnerbruescht gi sinn, mä och 45 Wunnengen an e Fënnef-Stären Hotel mat 244 Zëmmeren.