Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Delegation - Oh Honey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Zu Lëtzebuerg gëtt vill enregistréiert"

Musek-Produzent

"Zu Lëtzebuerg gëtt vill enregistréiert"

E Produzent vu klassescher Musek huet vill Aufgaben. Hie muss d'Partiture vun de Wierker genee sou verstoen, wéi d'Opnamtechnik. De Marco Batistella jr. huet 2015 ronn 60 Enregistrementer gemaach. E Portrait.

Guy Engels / ys

auto_stories

5 min

Marco Batistella jr.

Wann Dir um radio 100,7 Live-Matschnëtter vu Lëtzebuerger Orchesteren, Ensemblen a Solisten héiert, dann net nëmmen Dank de Museker. Mee och duerch déi, déi fir de gudden Toun suergen. Déi fir déi richteg Balance vun der Opnam verantwortlech sinn. Ee vun hinnen ass de Marco Battistella jr., deen 2009 mat zwee Partner zu Wien eng Produktiounsfirma gegrënnt huet.

Eng Bauchentscheedung

Selbstänneg sinn oder sech fest un ee Label bannen? Déi Fro huet sech fir de Marco Battistella jr. quasi vum selwe beäntwert. Et ginn nëmme wéineg Diskenhaiser, déi mat eegene Produzente schaffen. Dat ass och de Rot, deen de Marco Battistella aus der Branche krut: Sech op eege Féiss stellen. "Fir mech war et souwisou eng Bauchentscheedung. Ech hunn de Marché studéiert. An der Klassik ginn nach Produzente gesicht, an ech war bereet, dee Wee ze goen."

Zwee Joer hat de Marco Battistella sech Zäit ginn. Antëscht ass hie scho gutt vernetzt an der Klassikzeen. Hien huet Kontakter bis an d’Wiener Staatsoper an huet mat ville bekannte Solisten zesummegeschafft. An den Tonmeister ass ausgelaascht: 2015 huet hie ronn 60 Enregistrementer gemaach.

Klassikmarché ass net dout

Anescht wéi dacks profezeit, ass de Marché vun der Klassik-CD net dout. En ass souguer ganz vital. "Zu Lëtzebuerg gëtt enorm vill produzéiert", stellt de Marco Battistella fest. An och international verkeeft sech d'CD als Support fir klassesch Musek gutt. De Konsument wier net bereet, Musek an ënneschter, kompriméierter Qualitéit ze streamen. E géif grad an deem Segment vill Wäert op dee beschte Klang leeën, well e sech doheem wéilt aktiv mam Produkt ausenanersetzen.

Eng aner Charakteristik vun der Klassik-CD wier, datt se sech eigentlech géint d’Erwaardunge vum Marché géif verhalen, andeems meeschtens kleng Editioune publizéiert géifen. An der Pop-Musek ass et just de Contraire. Wann ee Museker bannent engem Joer 1000 CDe verkafe géif, wier dat ee gutt Resultat.

Vum Gespréich bis bei de Produit

Fir de Marco Battistella jr. decidéiert sech Villes iwwert eng CD-Produktioun beim alleréischte Gespréich. "Wann ech d’Gefill hunn, mat mengem Vis-à-Vis op enger Wellelängt ze sinn, dann ass dat schonn eng wesentlech Viraussetzung. Am anere Fall ass et eigentlech besser, de Projet net duerchzezéien." Am éischte Kontakt geet et drëms, gemeinsam e kohärente Programm zesummenzestellen. Duerno studéiert de Produzent intensiv d’Partituren. "Ech muss déi mindestens esou gutt drop hunn, wéi de Museker."

Wou geschitt wat an der Musek? Wat sinn d’Klangeegenschafte vun engem bestëmmten Instrument? Wou soll opgeholl ginn? Wéi klengt d’Plaz? Wéi mussen d’Mikroen opgestallt ginn? De Marco Battistella huet wuel ee Studio zu Wien. Deen ass awer net fir all Repertoire gëeegent. Also huet hie sech och eng mobil Infrastruktur ageriicht.

Un enger Produktioun schaffen eng ganz Partie Leit mat kloer definéierte Responsabilitéiten. De Produzent (oder Aufnahmeleiter) ass zoustänneg fir de Klang. Den Tounassistent suergt fir d’Mikrophonéieren. Um Tounmeeschter ass et, de ganzen technesche Volet ze betreien. Esou kann de Produzent sech ganz op d’Musek konzentréieren.

Fir d’Nobeaarbechtung sinn de "Mixing Engineer", de Schnëtt-Techniker an de "Mastering Engineer" zoustänneg. De Marco Battistella jr. schafft prinzipiell mat engem Mëschtechniker zesummen. Bei ganz ville Produktiounen ass de Maurice Barnich säi Partner. Esou kritt de Produzent déi néideg Distanz vun den Opnam-Sessiounen a ka sech reng op de klanglechen Aspekt fokusséieren. "Bei Saachen, déi ech gutt kennen, ass et net evident, objektiv ze sinn. Als Mahler- a Bruckner-Fan kann ech bal net ouni a priori un eng Produktioun erugoen. Do hunn ech dann oft ganz spannend a flott Dialogen mat Dirigenten."

Am einfachste wieren eigentlech Uropféierungen, wéi an der Läscht mat Wierker vum Jeannot Sanavia, vum Marco Pütz, vum Roland Wiltgen, vum Alex Mullenbach. "Do hunn ech jo keng Virlag!"

Während der Opnam ass virun der Opnam

Am Ablack produzéiert de Marco Battistella jr. zesumme mam Pianist Jean Müller een Disk mam Bach senge Goldberg-Variatiounen. Et ass net deen éischte gemeinsame Projet. 2014 war et de Liszt-CD "Transcendance". "Meeschtens ass déi nächst CD scho geplangt, wann déi aktuell Produktioun grad fäerdeg ass." Dat ass d’Regel bei Kënschtler, mat deenen de Marco Battistella regelméisseg zesummeschafft.

Nieft dem Produzenteberuff, dem Dozéieren um "Bundesoberstufenrealgymnasium für Musik und Kunst" zu Wien an dem Sangen am Wiener Singverein bleift dem Marco Battistella net ganz vill Zäit fir d’Privatliewen. "Wann ech dann emol doheem sinn, maachen ech och ganz gären aner Saachen, déi net onbedéngt eppes mat Musek ze dinn hunn!"


Link: Internetsite vum Marco Batistella jr.: www.produzent.tv