Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wien huet de funky Wuerm geklaut?

Sampledetektiv

Wien huet de funky Wuerm geklaut?

Kaum e Lidd gouf esou dacks gesampled wéi "Funky Worm" vun den Ohio Players. Den Titel vun 1973 war der Funk Band hiren éischte grousse Succès. Bis haut daucht en ëmmer nees an Hip-Hop-Produktiounen op. All Samschdeg um 15:30 geet eise Sampledetektiv Bobby Bieles op d'Sich no muskesgeschichtleche Spueren.

auto_stories

2 min

Am Lidd "Funky Worm" vun den Ohio Players geet et ëm e Gespréich tëschent dem Clarence, engem Band Member a senger Bomi. Si hunn eng absurd Konversatioun iwwer e funky Wuerm, dee Gittar an enger Band spillt. Wärend dem Lidd sinn Deeler gesongen an Deeler geschwat.

Et ass een vun den meescht gesampelten Deeler aus engem Funk Lidd. Et geet ëm de Sound vum ARP Pro Synthesizer, gespillt vum Junie Morrison. Dee klengen Deel ass an iwwer 150 Lidder benotzt ginn, ganz besonnesch am Hip-Hop vun der West Küst vun den USA an huet um Ufank vun den Nonzeger Joren direkt zum Entstoe vum Gangsta Funk (oder kuerz G-Funk) bäigedroen.

E puer Beispiller dofir sinn de "Ghetto Bird" vum Ice-Cube oder de "Serial Killa" vun Snoop Dogg vun 1993. Oder awer och den "Dope Man" vun NWA, dee war produzéiert vun Dr Dre. Dat wuel bekanntste Lidd bleift awer natierlech "Kriss Kross" an hirem Welthit Jump.

Nach eng bekannte Melodie

Wéi wann dat net géif duergoen, besetzt den Funky Worm méi wéi een Sample, wann een e bëssen no vir spullt, kann een eng zweet Melodie héieren. Déi gouf och Dosende vun Kéiere gesampelt, wéi zum Beispill am "One One One" vun de Fransousen vun X-Men, oder beim kommerziellen Duerchbroch vum DJ Jazzy Jeff & The Fresh Prince mat "Boom Shake The Room".

D'Ohio Players sinn eng amerikanesch Funk Band déi ënner verschiddene Formatiounen zanter 1959 aktiv sinn. De "Funky Worm" war hiren éischten groussen Hit a koum 1973 eraus.

Hautdesdaags hänken d'Ohio Players an der Rhythm and Blues Hall of Fame zu Cleveland, an no enger ganzer Rei vu Kollaboratioune mat Leit wéi Funkadelic kënne si houfreg drop sinn, datt hire Sound weltwäit duerch Sampling esou dacks gespillt gëtt.

De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen. Ëmmer samschdes um 15:30 am Sample vun der Woch.