FreeMobility Festival "Wien am Stau steet ass selwer Schold"

E Samschdeg waren op ville Plazen am Land gratis Concerte fir den ëffentlechen Transport ze feieren. Fir all d'Kënschtler, mat deene mir geschwat hunn, wat et eng Evidenz, datt si bei där Manifestatioun dobäi wieren.

Yves Stephany

Serge Tonnar, Ben Claus an Eric Falchero am Zuch
Serge Tonnar, Ben Claus an Eric Falchero am Zuch (Foto: Lucien Koneczny)

"Mir si mega happy, datt mir dat éischt Land sinn, wat den ëffentlechen Transport gratis mécht", seet den Tun Biever vun der Indie Rock Band Tuys. "Mir ginn dofir bezuelt fir hei ze spillen, mee net fir dat ze soen. Et freet mech wierklech."

D'Gratuitéit eleng wier awer net d'Léisung fir d'Mobilitéitsproblemer zu Lëtzebuerg. "Ech mengen et ass éischter eng Awareness-Geschicht." Esou en Event an de Fait, datt et gratis wier, wier eng gutt Reklamm fir den ëffentlechen Transport, sou den Tun Biever weider.

Gratis iwwerfëllten Zich?

"Mir huelen déck gär de Bus an den Tram, am Léifsten natierlech de Vëlo", seet de Benjamin Heidrich vu Seed To Tree. "Wien am Stau steet ass selwer Schold."

"Et ass e wichtegen an e gudde Schrack, awer sécher net deen eenzegen", seet de Geiist Chris Reitz. "Et ass dacks um Reseau, wou Material feelt. An datt Zich iwwerfëllt sinn, dorun ännert een näischt, wann et gratis ass."

De Serge Tonnar ass dee prominentste Museker, deen e Samschdeg opgetruede war. Seng Stëmm war an der Campagne omnipresent. Hien hätt keng hallef Saach wéilte maachen an hien hätt sech net wéilte verstoppen. D'Kënschtler hätte bei esou Aktiounen heiansdo d'Approche: "Mir maachen zwar mat, mee mir wëllen net wierken, wéi wa mir géife fir de Staat Reklamm maachen."

"Eng PR-Aktioun"

Et hätt annerhallwe Mount virum Festival nach kee Konzept fir d'Kommunikatioun ginn. Doropshin hätten d'Artisten d'Konzept zesumme mat enger Kënschtleragence ausgeschafft. Sou wieren iwwerhaapt d'Iddien entstane fir an den Zich an op de Garen ze spillen.

"Et ass eng politesch Geschicht", seet de Serge Tonnar. "Datt dat elo ëmgesat gëtt, ass e bëssen eng PR-Aktioun." Et wier praktesch, datt een elo keen Ticket misst kafen, an et wier een dann och manner frustréiert, wa keen Zuch géif kommen. De Reseau misst awer ausgebaut ginn. E richtegt, gesellschaftlecht Ëmdenke wier awer, wann d'Leit net all zu der selwechter Zäit misste schaffe goen, net all an déi selwecht Richtung misste fueren a méi vun doheem kéinte schaffen, seet de Serge Tonnar.


Lauschtert d'Interviewe mat de Gruppen a Kënschtler:

Serge Tonnar

Edsun

Tuys

Seed To Tree

Chris Reitz

Méi zum Thema

Dany Frank
Gratis ëffentlechen Transport

Ronn 540 Milliounen Euro wäert den ëffentlechen Transport de Staat an Zukunft pro Joer kaschten. Erhofft gëtt sech, datt an Zukunft manner Leit an den eegenen Auto klammen, sou d'Dany Frank vum Mobilitéitsministère.

LuxTram
Gratis Ëffentlechen Transport

Vun e Samschdeg u soll den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg gratis sinn. D'Gratuitéit ass nëmmen ee Bausteen an der Strategie vum Transportministère, fir déi ëffentlech Verkéiersmëttelen ze fërderen.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen