Radioen

On air

Notturno  |  The Good, The Bad & The Queen - Merrie Land

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Widderhuelung mécht Spaass

Klassik CD-Tipp: Absolute Jest / Grand Pianola Music

Widderhuelung mécht Spaass

Nach laang net jidderengem huet dem John Adams’ säin näischtnotzegen Ëmgang mam Beethoven senger Musek 2012 bei der Première vun „Absolute Jest“ gouttéiert. Dobäi ass de Komponist guer net respektlos vis-à-vis vu sengem groussen Idol. Seng Musek ass kee rustikalen, vulgäre Spaass, mee éischter ee witzege Clin d’oeil, deen erlaabt muss sinn.

Guy Engels

auto_stories

1 min

Den John Adams ass ee Komponist mat Esprit. „Absolute Jest“ ass ee fantasievollt, intelligent Spill mat Beethoven-Zitater – ee pure Genoss vun der éischter bis déi lescht Nout. Sielen huet ee sech esou wéineg bei Widderhuelunge gelangweilt. De Michael Tilson Thomas bréngt et fäerdeg, d’Motorik vum John Adams senger Musek  mat flotten Timberen, nuancéiert a vital a Klang ëmzesetzen. Déi ongewinnte Constellatioun vu Symphonieorchester a Sträichquartett ergëtt hei eng ganz natierlech Symbios.

„Grand Pianola Music“ frësch bliwwen

Tëscht „Absolute Jest“ an der „Grand Pianola Music“ – dat zweet Wierk op dëser CD – leie gutt a gären 30 Joer, een Ënnerscheed, vun deem an dëser Opnam näischt ze spieren ass. D‘“Grand Pianola Music“ kléngt esou frësch ewéi "eh und je". Et spiert een däitlech, datt de Michael Tilson Thomas a säi San Francisco Symphony Orchestra beschtens mam John Adams senger Musek vertraut sinn. Dat erlaabt hinnen eng onkomplexéiert Approche, an deementspriechend spillen se virun allem mat ganz vill Freed a Spaass.