Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéini sinn an der Rockhal nees Concerten?

Concerten

Wéini sinn an der Rockhal nees Concerten?

Déi meescht Concertshaiser hunn dëst Joer trotz Pandemie eng Programmatioun fir d'Rentrée proposéiert. D'Rockhal huet dat net gemaach. Dat léich dorun, datt si keng Autorisatioun vum Gesondheetsministère kritt hätten, esou de Luc Henzig, President vum Verwaltungsrot.

auto_stories

3 min

No der Pressekonferenz, bei där d'Rockhal hire Bilan vun 2020 presentéiert huet, koum d'Confirmatioun, datt de Gesondheetsministère säin Accord fir hiren Zenario ginn hätt. Deemno kéinten um Belval an den zwee Säll mat Capacitéite vu 6.500, respektiv 1.200 Spectateuren, deemnächst theoretesch bis zu 100 Leit fir Concerten empfaange ginn.

Donieft war et op der Pressekonferenz och d'Annonce, datt de Club soll e Balcon kréien, wat d'Capacitéit vum Sall op 1.500 Stéiplaze wäert vergréisseren. Ob dës Concerten awer méiglech wäerte sinn, bleift ofzewaarden. D'Regierung huet gëschter annoncéiert, datt eventuell d'nächst Woch erëm nei Restriktioune komme kéinten. Deemno wiere Concerten dann net méi erlaabt.

Finanziell Schwieregkeeten

Finanziell géif et der Rockhal net gutt goen, sot de Luc Henzig, President vum Verwaltungsrot. Den Etablissement Public kritt zwar eng Dotatioun vu knapps dräi Milliounen Euro vum Kulturministère. Déi géif awer just 60 Prozent vun de Fraisen decken. Ouni d'Concertsgeschäft géif de Rescht vum Budget feelen.

Deemno hofft een um Belval, wéi iwwerall am Musekssecteur, op e séiere Retour an d'Normalitéit. Den Direkter Olivier Toth huet ënnerstrach, datt et kee Sënn géif maachen, fir momentan Concerten ze organiséieren. An aneren europäesche Länner wieren et nom Lockdown zwar Concerte ginn, mee dem Olivier Toth no wier dat de falsche Message: déi finanziell Equatioun géif nämlech net opgoen.

Keng international Artisten

De Luc Henzig gesäit nach en anere Problem, sollte Concerten awer erlaabt sinn: "Wéi een Artist setze mer op d'Bün?" All déi international Artiste wieren net méi op Tournée. "Dat heescht, mir kréien och kee Contenu op d'Bün."

Fënnef Concerte mat Kënschtlerinnen a Kënschtler aus der Groussregioun huet d'Rockhal fir den Dezember annoncéiert. Dorënner Napoleon Gold, C'est Karma, Cleveland oder Scarred. Et kéint een awer net ëmmer déi nämmlecht lokal Artisten optriede loossen, gëtt de Luc Henzig ze bedenken. "Dat geet och net." Déi lokal Kënschtler hätte séier eng Sättegung beim Publikum, an dofir wéilt d'Rockhal net op dee Wee goen.

Pop Up Sessions: de Fokus um Audiovisuellen

Amplaz huet d'Rockhal Pop Up Sessions annoncéiert, eng vun de wéinegen Nouvellen, déi gëschter um Belval virgestallt goufen. "Et ass awer schonn eng Nouveautéit, well de Contenu Video oder Audiovisuell, dee mer elo kreéieren, [...] ass eppes komplett Neies."

Kënschtlerinnen a Kënschtler aus Lëtzebuerg kënne sech fir eng Videoproduktioun beim Rocklab mellen. De Rocklab, dat ass deen Deel vum Etablissement Public Centre de Musiques Amplifiés, dee fir déi lokal Zeen do ass.

Dee koum och wärend der Pandemie ëmmer weider senger Missioun de Service Public no. Vum Dezember u ginn zum Beispill nei Konferenzen a Virträg proposéiert, an et gëtt en Hip-Hop-Contest lancéiert.