Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi wann et se schonn ëmmer ginn hätt...

"Blanket of Sorrow" vu When 'Airy Met Fairy

Wéi wann et se schonn ëmmer ginn hätt...

Déi éischt lëtzebuergesch Chrëschtdagssingle fir dëst Joer ass dobäussen, a si kënnt vu When 'Airy met Fairy, dem Lëtzebuergesch-Islänneschen Duo.

auto_stories

2 min

Den Titel, "Blanket of Sorrow" kléngt op den éischte Bléck net erbaulech. An dach setzt d'Verbindung vu Chrëschtdagsstëmmung an Trauer deen éiwege Kampf tëscht Luucht an Däischter viraus, deen all eis Chrëschtdagsgeschichten a sech droen. D'Feierdeeg sinn d'Zait vun der Einsamkeet fir vill Leit. Einsamkeet schwéngt och an de Wierder vun der Single mat, mee d'Musek offréiert eng wiermend Äntwert. Den einfach-eleganten Arrangement léist vill Plaz fir déi réirend Stëmm vun der Thorunn Eglisdottir, déi vun engem schmäerzleche Verloscht erzielt, iwwer dee vläicht keng Chrëschtdagsstëmmung kann ewech tréischten.

De Video gouf an engem Modell-Appartement fir Miwwele geschoss, an dem alles original an onberéiert aus de fréien 80er Jore staamt. Dëst ënnersträicht déi nostalgesch Stëmmung. Och wann d'Lidd selwer keng freedeg Opléisung fënnt, weist de Video een Humor deen d'Mondwénkelen hieft.

"De Song gëtt erëm, wéi ech mech d'lescht Joer gefillt hunn, wou ech mat menger Famill zu Reykkavik Chrëschtdag gefeiert hunn. Ech hu mech un de Piano gesat, am däischteren Zëmmer, de Schnéi huet dobausse geliicht. Et war kee Kaméidi a mengem Brudder sengem Haus, well jiddweree war eraus spadséieren. An do war et, 'Blanket of Sorrow'. D'Melodie, den Text, wéi wann et se schonn ëmmer ginn hätt."