Musek Wéi Museker de Lockdown kreativ genotzt hunn

De Lockdown an d'Pandemie sinn eng batter Pëll fir Musekerinnen a Museker. Wie keng Concerte ka spillen, verdéngt keng Suen. Wat maachen d'Museker also an Zäite vu Corona? Beim online-Showcase-Festival mat Diskussioun Amplify:LX konnt een e Mëttwoch méi doriwwer gewuer ginn. De Max Feyder huet fir eis e puer Nouvellen aus der Musekszeen opschnaapt. Bei Klein wäert et an Zukunft Gesank ginn, de Rapper Maz flirt neierdéngs mat Metal an den Chaild exploréiert seng multikulturell Wuerzelen.

amplify-LX

An der Mediathéik:

Backstage / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

BaBaBéBé
Philharmonie

Ënner dem Titel BABAbébé proposéiert de Musekspädagog Paulo Lameiro an der Philharmonie e Concert fir e Publikum vun null bis dräi Joer. Um Programm steet trotz dësem jonken Alter keng "Bëbeesmusek".

This Is The Kit
This Is The Kit - Off Off On

"Off Off On" beschäftegt sech mat de Rhythme vum Liewen. Lidder doriwwer, wéi den Alldag een anhuele kann. Wéi Krankheet Spueren a senger eegener Identitéit hannerléisst. Iwwer Magie a wéi mir déi Jugendlech behandelen.

Net verpassen

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen