Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wéi eng Diskussioun mat Frënn"

Pit Dahm Trio

"Wéi eng Diskussioun mat Frënn"

De Pit Dahm Trio schafft u sengem Debut-Album. De Lëtzebuerger Batteur krut dofir zu Diddeleng ee Concerts-Sall zur Verfügung gestallt. De Manuel Ribeiro huet d’Museker bei den Opname begéint.

auto_stories

3 min

Pit Dahm

De Kulturzenter opderschmelz zu Diddeleng bitt fir d’éischte Kéier engem Artist eng Residenz un: Vum 2. bis de 5. Dezember 2015 kritt den Jazz-Batteur Pit Dahm mat senger Band de grousse Concerts-Sall zur Verfügung gestallt, fir um Debut Album ze schaffen. “Omicron” sou den Titel vum Opus. E soll am Fréijoer 2016 beim slovakesche Label Hevhetia erauskommen.

Omicron

D'Kompositiounen um Disk stame vun alle Bandmemberen. De Pit Dahm huet awer dee gréissten Deel selwer geschriwwen. D'Approche hannert "Omicron" war mathematesch. “Wierder, Nimm an Zuele goufen an Nouten ëmgewandelt”, sou de Batteur. Op där anerer Säit wäerten och vill fräi Deeler um Album ze fanne sinn.

De Saxophonist Charley Rose ënnersträicht, datt d’Zesummespill vun de Museker vun Ufank u gutt geklappt huet: “Et geléngt eis, eng ganz poetesch Sprooch z'entwéckelen, déi wéineg carréiert ass. Mir hunn ee grousst Gefill vu Fräiheet an Interaktioun. Et ass, wéi eng Diskussioun mat Frënn ze hunn.”

Enn 2016 geet d’Band op Tournée fir d’CD ze promovéieren. Niewent Europa steet och Asien um Programm. Natierlech sinn och zu Lëtzebuerg Concerte virgesinn.

Pit Dahm Trio

De Pit Dahm Trio sinn ausser dem Batteur selwer den Charley Rose aus der Géigend vu Bordeaux um Saxophon Alto an den Lennart Heyndels aus Mechelen, an der Belsch, um Sträichbass. De véierte Museker, deen als Gaascht fir de Projet derbäi ass an d’Band op verschidden Titelen zu engem Quartett wuesse léisst, ass den Harmon Fraanje. De Pianist ass Professer zu Amsterdam am Conservatoire.

Harman Fraanje, Pit Dahm, Lennart Heyndels, Charley Rose

De Pit Dahm huet d’Museker kennegeléiert, wéi hien zu Amsterdam studéiert huet. Mëttlerweil ass hien zu Bréissel wou hie säi Master fir de Summer 2016 preparéiert.

Residenz am Kulturzenter

Dës Artiste-Residenz ass déi éischt an der Minnettstad. Awer sécher net déi lescht. D’Zil ass et, jonke Lëtzebuerger Talenter Infrastrukturen, Zäit an all d’Moyen ze bidden, fir en éischte Projet kënnen ze realiséieren. An domat e gudde Start an eng professionell Carrière ze garantéieren. 

De Pit Dahm ass esou een Talent. Hien huet sech an de leschte Joeren en Numm gemaach. Souwuel mat sengem Trio, wéi och an Zesummenaarbecht mat aneren Jazzmuseker. Fir de Batteur ass dëst eng immens gutt Opportunitéit, well hie sech net muss em déi logistesch, technesch a finanziell Säit këmmeren.

Audio:
Den Manuel Ribeiro huet déi véier Museker bei den Opname getraff.

Musek: ee Concerts-Matschnëtt vum Pit Dahm Trio vun 2014. Titel Larchey.