Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Dumbo Tracks - Slow Despair Feat. Marker Starling

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "War Pigs": Black Sabbath schockéieren d'Industrie

Magic Song

"War Pigs": Black Sabbath schockéieren d'Industrie

Den Ozzy Osbourne a Black Sabbath sangen 1970 géint de Krich am Vietnam. Fir d'éischt op eng ganz däitlech Manéier, mee méi spéit rudderen si dann awer zréck. D'Geschicht vu "War Pigs" liwwert de Beweis. Bei der Sortie am Hierscht 1970 huet den Ozzy Osbourne eng Rei Saache muss riichtbéien.

auto_stories

5 min

No laangem Hin an Hier geléngt et dem Label, d’Band zu engem Réckzéier ze beweegen.

"War Pigs" war den ëmstriddensten Titel um 1970er Black Sabbath-Album "Paranoid". Den Album war den Duerchbroch fir de Quartett ronderëm den Ozzy Osbourne aus der englescher Industriestad Birmingham. Et war deemools déi zweet LP vu Black Sabbath, am September 1970 gouf si an England an an Europa publizéiert. An dem USA sollt et méi laang daueren.

"War Pigssollt awer guer net esou heeschen: d’Band huet d’Nummer agereecht als "Walpurgis". Mee dat huet der Plackefirma Vertigo net an de Krom gepasst: ze satanistesch géif dat kléngen, ëmsou méi wou den Ozzy Osbourne am bluttrout gefierwte Portrait um Cover vun der Single "Paranoid" ze gesi war. Too much mengt dozou de Label – och wann d’Band sech géint de Virworf vum Satanismus wiert a kloerstellt, d’Lidd wier en allgemengt Lidd géint de Krich, net méi awer och net manner.

"Satanisteschen" Titel gëtt geännert

Et eenegt ee sech op e Kompromëss: den Text gëtt integral bäibehal a kritt als neien Titel "War Pigs". Fir dat Ganzt an den zäitleche Kontext ze setzen: mir sinn am September 1970 an op der Presentatioun vum Album bezeechent de Bassist vu Black Sabbath, Geezer Butler, d’Kompositioun net méi als allgemengen Antikrichs-Song, mee als als "totalen Anti-Vietnam-Song". Dës Krich, esou de Museker, hätten déi Räich ugefaang an e géif um Bockel vun den Aarmen ausgedroe ginn. "Déi eng profitéieren dervun, déi aner loossen hiert d’Liewen derbäi", sou d'Ausso.

Den historesche Rappel: d'USA sinn zanter e puer Joer am Vietnam militäresch un der Säit vum Süde vum Land engagéiert géint de kommunistesche Norden. An den USA a weltwäit awer wiisst de Widderstand géint dëst Engagement.

"Paranoid" um US-Maart net erwënscht

No dëser Deklaratioun kënnt et zu neier Opreegung an de Staaten, wou d’Recording Industry Association of America, de Verband vun der Museksindustrie, Vertigo matdeelt, dass "Paranoid" um US-Maart net erwënscht wier. Eng Menace vun engem offizielle Boykott gëtt et zwar net, dofir awer den diskreten Hiweis, datt et eventuell gutt wier dat eent oder anert riicht ze béien – dem Butler säi Statement zum Beispill.

​D’Situatioun ass kloer: fir Black Sabbath ass den US-Marché zou a Vertigo fäert och mat aneren Artisten Problemer gemaach ze kréien. Musek ass eben net nëmme Musek mee och Business – a Politik sollt een an dësem Fall derbäi soen. No laangem Hin an Hier geléngt et dem Label, d’Band zu engem Réckzéier ze beweegen.

Neie Versuch vum Osbourne

Natierlech kommen déi véier Museker net derlaanscht, den Titel – eng Gemeinschaftsproduktioun vum Quartett - weiderhin als Anti-Krichs-Song ze bezeechnen ... dofir ass den Text ze evident. Mee de Bandleader a Sänger Ozzy Osbourne trëtt nach emol virun de Mikro a gëtt – nom Geezer Butler – en zweete Statement of an deklaréiert, "War Pigs" wier awer net direkt géint de Krich vun den USA am Vietnam geschriwwe ginn a geduecht. Et wär e Lidd, dat sech generell mat Krich, Leed a Misère géif ausenanersetzen, kee Land géif speziell un de Pranger gestallt ginn.

Déi wéinegst kafen him dat of, déi allermeescht mierke wat gespillt gëtt ... mee et geet trotzdem duer fir déi amerikanesch Musekindustrie zefriddenzestellen an esou däerf den Album och um groussen an domadder lukrativen US-Maart erauskommen – am Januar 1971, véier Méint no der Sortie an England, Europa an dem Rescht vun der Welt.  A schlussendlech kann ee soen "War Pigs": ass – trotz oder grad wéinst allem – ee Klassiker vu Black Sabbath ginn.