Radioen

On air

Tockcity  |  bdrmm - Be Careful

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Waarme Sound fir déi kal Joreszäit

Autumn Sweater - Car Park

Waarme Sound fir déi kal Joreszäit

Autumn Sweater sinn d'Musterschüler aus der Lëtzebuerger Indie Rock Schoul. Nodeems si sech bannen dräi Joer zur enger to-go Virgrupp op de Lëtzebuerger Bühnen no vir gespillt hunn, kënnt elo en éischte Longplayer "Car Park" mat 12 Titelen eraus. Natierlech ass alles DIY, live an oneditéiert.

auto_stories

2 min

Am Ufank hätte sech Iddien, déi ee mat an d'Prouf bruecht hätt, ëmmer an eng aner Richtung entwéckelt, wéi een dat wollt, seet de Gittarist a Sänger Philippe Demart. "Mëttlerweil kenne mir eis sou gutt, datt mir scho besser antizipéiere kënnen a besser wëssen, wat dorausser entsteet, ouni doriwwer ze schwätzen."

Hien hätt d'Gefill, datt d'Lidder am Ufank manner fokusséiert waren, seet de Bassist Yves Weber. Déi nei Stécker géifen éischter a Richtung modernen Indie oder Garage Pop goen.

Do it yourself

D'Opname si beim Philippe Demart doheem entstanen, an hien huet se och ofgemëscht. "Ech hu sou vill Zäit mat deenen Opname verbruecht, datt ech net méi déi richteg Distanz hunn, fir emotional domadder verbonnen ze sinn."

Den Do It Yourself-Gedanke wier dat, wat si géif verbannen, seet den Yves Weber. Hir Perceptioun vun "indie" géif staark domat zesummenhänken. Dee gréissten Deel vum Album wier och live zesummen agespillt ginn, seet de Gittarist Pierre Demart. Wann d'Energie vun engem Take gutt war, wier och e klenge Feeler ok, laacht de Philippe. "Editéieren hu mir kategoresch refuséiert, well et kee Spaass mécht, well et net zur Musek passt ..."

Hiren Aflëss - Yo La Tengo, Pavement an dem 80er Post-Punk - bleiwen si och op "Car Park" trei, genee wéi deene liicht schelmeschen Texter an hirem ganz eegene Sënn fir buedemstänneg Melodien. Autumn Sweater stellen hir nei Plack dëse Samschdeg, 26. Oktober an de Rotonde vir. Zäit, den Hierschtpullover erauszehuelen.