Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wa méiglech Open-Air

Blosmusek an Zäite vum Corona

Wa méiglech Open-Air

Eng zentral Fro, déi d'Musekswelt an der aktueller Corona-Kris beschäftegt ass: Wéi geet et weider? Dobäi ass d'Situatioun net fir all Instrument déi selwecht: Wärend d'Geiisten hiert Instrument mat engem Bou zum klénge bréngen, geléngt dat deenen, déi e Blosinstrument spille mam Otem. Ass d'Gefor sech mam neiaartege Coronavirus unzestiechen dofir bei Blosinstrumenter méi grouss, wéi bei aneren Instrumenter? Wéi eng Sécherheetsmesurë gi fir Bléiser recommandéiert?

auto_stories

2 min

D'Prof. Dr. Claudia Spahn huet souwuel Musek wéi och Medezin studéiert. Als Directrice vum Freiburger Institut für Musikermedizin (FIM) setzt si sech den Ament mam neiaartege Coronavirus am Kontext vun der Blosmusek auserneen. Bei Experimenter, déi d'Bamberger Symphoniker organiséiert hunn an déi vum FIM begleet goufen, konnt festgestallt ginn, datt et beim Spille vun engem Blosinstrument zu kenge gréissere Loftbeweegunge kënnt.

"Mir hu gesinn, datt bei alle Blechblosinstrumenter an och den Holzblosinstrumenter eigentlech am Ofstand vun annerhallwem Meter, keng besonnesch Loftbeweegunge [...] méi am Raum ze moosse waren."

Mat dësem Experiment hätt een erkannt, datt Drëpse beim Spillen net meterwäit am Raum verdeelt ginn.

Méi Loftbeweegung bei Flütten

Beim Spille vun der Flütt setzt een d'Instrument un de Lëpsen un. Den Toun entsteet andeems ee bléist an d'Loft beim Mondstéck gebrach gëtt. Bei de Miessungen hätt ee gesinn, datt dobäi méi Loftbeweegungen entstinn, wéi bei aneren Instrumenter. Iwwer eng Distanz vun annerhallwem Meter wieren déi awer net méi ze moossen.

"Och lénks a riets vun der Musekerin - et war eng Flüttistin aus dem Bamberger Orchester - war do näischt Besonnesches zousätzlech ze moossen."

Änlech ass et och bei der Blockflütt.

Keng Ausso iwwer Aerosolen

Duerch dës Erkenntnesser recommandéiert d'FIM en Ofstand vun zwee Meter, fir eng Tröpfchen-Infektioun ze vermeiden. Bei den Aerosole wier d'Situatioun eng aner. Dëst sinn Drëpsen, déi esou kleng sinn, datt se net op de Buedem falen, mee an der Loft no uewe schwiewen.

"Iwwer déi kënne mer leider nach näischt soen. Dat hu mer an där Studie och net moosse kënnen."

Recommandatioun: Dobausse musizéieren

Virun allem wéinst den Aerosole géif d'FIM recommandéieren haaptsächlech ënner fräiem Himmel ze spillen. Daten no géif do déi klengsten Infektiounsgefor bestoen. D'Aerosole kéinte sech verdeelen a géife sech net, wéi an engem zouene Raum usammelen.

Wann een an engem grousse Raum wärend enger kuerzer Zäit an och net mat ze ville Persoune spillt, wier d'Lëfte ganz wichteg, seet d'Claudia Spahn. D'FIM recommandéiert dee ganze Raum ëmmer no enger Véierelstonn duerchzelëften.

Kondenswaasser opfänken

Kondenswaasser entsteet besonnesch beim Spille vun engem Blechblosinstrument, dat dann iwwer eng Klapp no ënnen ausgeblose gëtt. Fir datt sech dëst Waasser net an der Loft verbreede kann, recommandéiert d'FIM d'Kondenswaasser an e saugfäegt Material ze blosen, dat een an enger Tut verschléisst. Wéi potentiell virushalteg d'Kondenswaasser ass, gouf nach net ënnersicht.