Radioen

On air

De Weekend  |  Wuert von der Woch: Dekadenz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vun annuléierte Congéen, Zouversiicht a Qualitéit

Congés annulés

Vun annuléierte Congéen, Zouversiicht a Qualitéit

Fir en Espace wéi d'Rotonden ass et net evident, an dësen Zäiten eng komplett Programmatioun ze proposéieren. Och wann den Drock, ee bestëmmte Chiffre d'affaires ze maachen, manner schwéier weit wéi bei privaten Organisateuren, datt d'Ekipp et trotzdeem fäerdeg bruecht huet, ass eng gutt Nouvelle, fir d'Kënschtler wéi fir de Public.

auto_stories

3 min

Illustratioun: Rotondes

De ganzen Interview mam Direkter Steph Meyers a mam Museksprogrammateur Marc Hauser play_arrow lauschterenplay_arrow


Dat éischt emol virewech: d'Congés annulés sinn dësen August, wann och an enger anerer Konfiguratioun wéi gewinnt. "Bei der Programmatioun vun de Congéë geet et eis ëmmer drëms, vum internationale Festival-Circuit déi Kënschtler a Bands erauszepicken, déi eng wierklech Aktualitéit hunn, um Wee no uewe sinn, oder eppes Besonnesches proposéieren. Dëst Joer konnte mer dat net maachen, et ass keen ënnerwee."

Eng regional an national orientéiert Programmatioun

Déi weiderhin akut sanitär Kris huet no enger méi regional an national orientéierter Museksprogrammatioun gefrot. Mat Bartleby Delicate, No Metal in this Battle, La Bofia, dem Läbbel, Francis of Delirium, Mutiny on the Bounty, Gregario, Edsun, Aamar, Klein, Napleon Gold, Slumbergaze, Hannah Ida, Claudine Muno a Sunglitters gi sech hei Valeur sûres an Decouverten d'Hand.

Dat ass net alles. Kuf vu Berlin, One Sentence. Supervisor, eng Kraut- a Popband aus der Schwäiz, an déi belsch Elektro-Jazzer Glass Museum komme vun e bësse méi wäit hier a wieren och an enger üblecher Programmatioun unzéiend Propositiounen.

Och den 100,7 ass nees op verschidden Aart a Weisen un de Congés annulés bedeelegt, wéi schonns a vergaangene Joren. DJ-Sessions vun eise Mataarbechter (Bobby Bieles, Richard Heinemann, Pol Belardi, ...) ginn et ëmmer méindes.

Den Ofschloss vun de Congéë gëllt dës Kéier der Presentatioun vun eiser Compilatioun "Schlofzëmmerbléck", déi aus Commanden u Museker aus Lëtzebuerg besteet an d'Museker-Sinn a Confinements-Zäite beliicht.

D'Onsécherheet ëm d'Sécherheet

All d'Evenementer si gratis a lafe baussen am Haff, dee fir d'Geleeënheet en Zeltiwwerdaach spendéiert kritt. Fir d'Concerte gëtt et eng limitéiert Zuel vu Sëtzplazen. Deen éischten ass deemno vir, mee och vun der Terrass vun de Rotondë kann een d'Musek matlauschteren. Maske si Flicht.

No de Congéë wäerten d'Rotondë weiderhin alles maache fir mat de Ëmstänn ze "fléissen" an eng Programmatioun oprechtzëerhalen, déi am Verglach zu anere Jore kaum Ofstrécher opweist. E puer Highlighten: eng Release vun der jonker Indierock-Band Tuys Enn September, kanadeschen Indie vu Corridor Ufank Oktober, Leif Vollebekk, Horse Lords, JDFR an déi exzellent Sorry aus England. Dat sinn der just e puer.

Covid-19-Restriktiounen

D'Schwäert vum Damokles, dat iwwer all dësem hänkt, ass natierlech d'Eventualitéit vu verschäerfte Covid-19-Restriktiounen, déi all Moment kéinten no Upassungen an am schlëmmste Fall no Annulatioune verlaangen.

"Esou laang eng Maskeflicht duergeet, a mir kee Sécherheetsofstand tëschent de Spectateure musse respektéieren, geet et. Vun deem Moment un, wou mer ee Spektakel fir eng Handvoll Persoune misste proposéieren, zéie mir d'Linn. Dat ass da kee sënnvollen Ëmgang méi mat Gelder, déi deels ëffentlech sinn."

Niewent der musikalescher Programmatioun lafen Ausstellungen, Atelieren, soziokulturell Treffen, Danz a villes méi iwwer déi nei Saison weider. Wéi, wou, wéini - dat fënnt een um fuschneien Internetsite vum Carré Rotondes op www.rotondes.lu.