Déi éischt Editioun vum Lëtzebuerger Online-Chouer wier eng ganz erstaunlech Erfollegsgeschicht, seet den Direkter vum INECC Arend Herold. Iwwer 90 Leit hu sech gemellt an dovun hunn der 61 e Video era geschéckt. Um Programm steet dem Johann Sebastian Bach säi Choral "Von Gott will ich nicht lassen", dirigéiert vum Nicolas Billaux.
Vun Amateur bis Profi
Matgemaach hu souwuel Amateuren, wéi och professionell Sänger. Do dernieft ass quasi all Alterstranche vertrueden an och d'Geschlechterverdeelung entsprécht net där vun engem übleche Chouer, seet den Arend Herold.
"Normalerweis hu mir an de Chéier ëmmer de Problem, datt mir net genuch Männer hunn. Hei war dat elo guer net de Fall. Ech war ganz erstaunt a freedeg iwwerrascht, datt mer sou vill männlechen Zousproch haten."