Radioen

On air

Notturno  |  The Free Design - Bubbles

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vum Fonken zum Dauerbrenner

Nilüfer Yanya - Painless

Vum Fonken zum Dauerbrenner

Op hirem Debut "Miss Universe" vun 2019 war déi 26-järeg Nilüfer Yanya aus London nach op der Sich no hirer Plaz am Indie-Rock-Business. Déi nei Plack "Painless" dogéint ass ee Statement, dee sengesgläiche sicht.

auto_stories

3 min

Direkt um éischten Track "The Dealer" op der neier Plack "Painless" vun der Nilüfer Yanya gëtt een d'Haaptmotiv gewuer, dat sech duerch all Lidder op der Plack zitt. Et geet ëm eng schneidend Verletzung, déi bannendran an engem weidersickert an zu enger alles ëmfaassender Veronsécherung féiert.

Et geet ëm dee Moment, wou een a Stécker läit an sech lues a lues muss nei zesummesetzen, ouni genee ze wëssen, wat fir eng Persoun aus engem gëtt.

Staark Melodien an eng eenzegaarteg Stëmmfaarf

Schonn 2019 konnt een op dem Debutalbum däitlech d'Potenzial vun der deemools 23-järeger Londonerin erkennen. Staark Melodien, eng eenzegaarteg Stëmmfaarf an eng ustiechend Drénglechkeet an den Texter, déi Klischeeën wäitraimeg ëmgoe konnten.

Wat deemools gefeelt huet, ee roude Fuedem an eng Geschlossenheet, kristalliséiert sech op der neie Plack "Painless" op beandrockend Aart a Weis eraus.

Eklektesch a ronn zugläich

D'Mëschung vun eenzelen Elementer aus ganz ënnerschiddleche Museksgenrë féiert zu engem ganz eegene Sound, deen eklektesch a ronn zugläich kléngt. D'Produktioun bréngt et fäerdeg, de Charme vum Schlofzëmmer-Sound mam Glanz vun engem héichwäertege Studio ze verbannen.

Op "Left/Right" komme Lapsteel-Gittaren a Panflütten op eng gläichzäiteg dezent a frech Manéier zum Asaz. "Belong with you" mécht dat selwecht mat engem Saxofon-Filler. All dat kléngt dann ënnert dem Stréch esou onerhéiert charmant a clever, et ass ee Genoss.

D'Nilüfer Yanya spillt selwer d'Gittar op der Bün a suergt och dofir, datt hir Plack "Painless" sech och mam Label Rock net onwuel spiert: Dee knaschtegen, liicht ugezerrte Gittaren-Sound mam Flanger-Effekt suergt fir en héije Erëmerkennungswäert, dertëschent verstoppen sech vill schéin Arpeggios, déi net seelen un dem Jonny Greenwood seng Aarbecht bei Radiohead erënneren.

Dacks kommen d'Gittaren an de Bass engersäits staark gebremst dohier, an der Wierkung awer sinn se iwwerwältegend.

Ee charmanten Understatement

En anert essentiellt Element, wat dëser Plack zu hirer Qualitéit verhëlleft, ass der Nilüfer Yanya hir eenzegaarteg Stëmmfaarf. Mol méi kehleg, dann erëm déif a raucheg mat enger wonnerbar doucer Kappstëmm setzt si hiert Stëmmorgan immens villsäiteg an.

Dobäi wierkt si ni forcéiert, mee si séngt mat enger Zort Understatement, déi een op der ganzer Plack spiert.

D'Ballad "Shameless" stécht vum Point de vue Songwriting eraus. Ganz zeréckgeholl entwéckelt sech d'Lidd op ee bombastesche Refrain hin, deen d'Potenzial vun der Nilüfer Yanya zur Schau stellt.

Eng onwidderstéilech Melodie, eng Basslinn mat vill Goût an enger Struktur, déi een als "pretty straight forward" bezeechne kann.

Ganz onopdrénglech nämlech klëmmt dës Plack mat all Song méi déif an d'Ouer, de Fonke spréngt net direkt iwwer, mee lues awer sécher entwéckelt sech den Album zu engem Dauerbrenner a fänkt no e puer Mol lauschteren sou richteg Feier.