James Elkington Vu Gejéimers a Carpe Diem

Ever-Roving Eye - esou heescht dem James Elkington säin neit Wierk, op deem den Englänner mat onbefriddegtem Bléck a flénke Fangeren duerch déi brittesch Folk-Landschaft wandert. De bescheidene Sideman, dee scho mam Jeff Tweedy iwwer Tortoise bis hin zu Richard Thompson musizéiert huet, steet sech dacks selwer am Wee. Déi Kéier schéngt hie mat senger Performance zefridden ze sinn.

Jamie Reinert / cz

James Elkington 6 Timothy Musho web 1024x684.jpg

An de Liner Notes vu sengem neien Album schreift dem James Elkington säi gudde Kolleeg a Folk-Gittar Aficionado, den Nathan Salsburg, dat heiten: "I don't know if James is now satisfied-actually, of course I do, and he's not. And thank god for it." Selwer géing hie sech allerdéngs net als éiweg onzefriddene Mënsch beschreiwen, seet den Englänner mat engem Laachen. "Frënn a Famill sinn awer sécherlech genervt vu mengem Gejéimers". Dat wier op de kreative Prozess zeréckzeféieren, deen zimmlech un ee géing goen. Keng Musek maache géing awer och net goen. Da wier hien nach méi miserabel drop. Dat gesot, wier hien déi Kéier zimmlech zefridde mat deem, wat hien op sengem neien Album geleescht hätt. "Ech weess net, ob ech méi al an duuss ginn, mee déi hei gefält mir vun all menge Placken am meeschten."

Am Studio wier hien och gutt un d'Schweesse komm. Den James Elkington gräift ëmmer nees fir seng Projeten op den Tountechniker Mark Greenberg zeréck. "Hie léisst sech wierklech vill vu mir gefalen, zemools dat villt Beschwéieren". De Mark Greenberg géif de Museker awer och immens puschen. Zum Beispill hätt hien den James Elkington de Solo am Stéck "Late Jim's Lament" iwwer 20 Mol spille gedinn. "Hien huet mech wierklech leide gedoen. Ech mengen, hie wollt mech op de Punkt bréngen, wou ech nëmmen nach genervt war". Dat hätt de Mark Greenberg och erreecht. Duerfir héiert een awer och eng richteg Roserei an deem Deel eraus.

E weidere memorabele Moment bei den Opname wier op eng Erkältung zeréckzeféieren. Den James Elkington konnt dowéinst net immens riicht sangen. "Ech hu misse liicht méi héich sangen, wéi mäin Ouer tatsächlech héieren huet". An dat wier mat sengem limitéierte Gesangstalent net esou einfach gewiescht, seet de genësserlech selbst-kritesche Museker.

Wou säin éischte Solo-Album éischter aus Skizzen eraus entstane wier, déi wärend verschidden Tournéeën als Oflenkung geschriwwe goufen, wier et beim neie Wierk anescht gewiescht. Déi Kéier wousst hien, datt hien en neien Album maache géif, wat den Drock deementspriechend méi grouss gemaach hätt. "Ech hunn u Perioden a mengem Liewe geduecht, wou ech mech méi iwwer d'Zukunft Gedanke maachen, amplaz de Moment selwer ze genéissen". Doraus ass och den Titel "Ever-Roving Eye" entstanen. E Bléck, deen éiweg wandert a sech ni mam Present zefridde gëtt. "Den Album hunn ech esou genannt fir mech drun ze erënneren, de Prozess ze genéissen a mir net ze vill Stress ze maachen. Wann um Enn eppes erauskéim mat deem ech net zefridde wier, da wier keen Drock do, den Album ze verëffentlechen".

De Balanceakt tëschent Gejéimers a Carpe Diem huet sech op alle Fall um Enn gelount.


Lauschtert de ganzen Interview mam James Elkington

An der Mediathéik:

Papperlapop / / Jamie Reinert
Lauschteren

Méi zum Thema

Thundercat - London In Stereo (Cover Shoot)
Thundercat - It Is What It Is

Et ass einfach nëmmen eng Freed, deen neie Thundercat Album ze lauschteren. Den amerikanesche Bass-Virutos schéisst e Freedefeier aus grandiose Songs a kniwwelege Bass-Lines an eis Oueren.

Margaret Glaspy
Margaret Glaspy - Devotion

D'Kalifornierin Margaret Glaspy - Joergang 89 - schléit elo op hirem fusch-neien Disk "Devotion" en neie Wee an. E couragéise Schrëtt Richtung Onbekannt. Enttäuscht gëtt een net, fënnt den Jamie Reinert.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen