D'Valérie Knabe ass eng jonk Lëtzebuergesch Komponistin, déi am Ament am Escher Conservatoire, als Professeur-stagiaire fir Écritures a Piano zoustänneg ass.
Si ass 1988 gebuer an huet am Escher Conservatoire mat hire musikalesche Studien ugefaange, vu Solfège, Piano, Uergel, Kammermusek, Harmonie, Kontrapunkt bis hin zur Fuge. Nodeems si zu Esch fäerdeg war, entscheet si sech zu Bréissel an de Conservatoire Royal anzeschreiwe fir hir Studie weider ze verdéiwen. 2014 schléisst si zu Bréissel mat engem Master of, mee entscheet dat Joer drop nach op Léck an de Conservatoire Royal sech an der Classe d'écrtiturs classiques, anzeschreiwen. 2016 mécht si hei e Master am Piano d'Accompagnement.
Fir d'Emissioun Wäiss a Schwaarz erkläert d'Valérie Knabe dem Manuel Ribeiro um Piano vun eisem grousse Studio wat eng Classe d'écriture genee ass. Dës Weideren geet si méi genee op zwee eege komponéiert Stécker an, wéi och op eng Partitur vum Johannes Brahms.