Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Minimalismus muss net langweileg sinn

Urlaub in Polen - All

Minimalismus muss net langweileg sinn

D'Musek vun Urlaub in Polen éiert net nëmmen déi Kölner Post-Punk Traditioun, mee erneiert se och mat frëschen Iddien. Datt Minimalismus net langweileg muss sinn, weist hir nei Plack "All", fënnt de Marc Clement.

auto_stories

4 min

Köln ass eng Stad mat enger faszinéierender Geschicht, wann et ëm Musek geet. Den Avantgarde Komponist Karlheinz Stockhausen war vun hei, genee wéi Can!, eng Band, déi an de 70er Joren aus Elektroneschem, Ambientem a Rock hir ganz eege Form vu Post-Punk entwéckelt hunn. Zesumme mat der Nopeschstad Düsseldorf a Phenomeener wéi Neu! oder Kraftwerk si mer hei am schloenden Häerz vun der däitscher Nokrichsmusek.

Oppen Dieren

Genee wéi déi an deene leschte Jore ganz aktiv Von Spar si sech och Urlaub in Polen dëser Traditioun bewosst a féieren si op erkennbar Manéier virun. 50 Joer leien dës Exploite mëttlerweil an der Vergaangenheet, an do ass et nëmmen normal sech ze froen, ob et nach derwäert oder iwwerhaapt méiglech ass, an dës Kierf ze schloen, ouni oppen Dieren anzerennen.

Komescherweis waren oppen Dieren dat éischt, wat engem an de Kapp kënnt, wann een Urlaub in Polen hir nei Plack "All" fir d'éischte Kéier opleet ... mee an engem anere Sënn. Déi oppen Dieren, déi an zimmlech stéckegen Zäiten eng agreabel, frësch Bris an d'Haus eraloossen.

Et huet ee sécherlech genuch Plaz am oppenen Opener vun der Plack, "Void", deen de Kader esou setzt: eng besuergneserreegend Sample-Landschaft gëtt vun e puer duussen a kloren Synthesizer-Akkorde gerett wéi vun engem Deus Ex Machina. Heifir ginn eng Minutt 14 duer, eng bescheiden, mee ëmsou méi effikass Introduktioun. De Georg Brenner, Bassist, Gittarist, Klavierist a Sänger vun Urlaub in Polen, markéiert seng Presenz mat e puer ugeschloene Bass-Harmoniquen, déi dreiwend Kraaft hanner dëser Musek annoncéiert sech mat dem kierztméiglechen Trommelwierbel, a lass fiert den Zuch. Wolleken zéie laanscht: dat hei kléngt wéi Fräiheet.

D'Musek ass am Rhythmus

Dem Jan Philipp Janzen säi Beat ass keng Kraaft vun der Natur, keng expressiv Stop-and-Go-Maschinn, mee eng Autobunn, déi glat genuch ass fir nach wierklech séier ze fueren. Ginn zwee Leit iwwerhaapt duer, fir interessant Musek ze maachen? D'Psychoakustik vun der Rockmusek weist, datt een effektiv net méi brauch wéi eng Batterie an eng Stëmm, fir d'Opmierksamkeet vum Nolauschterer anzefänken - an natierlech déi ëmmer ënnerschate Bassgittar, déi den Testpublic bei esou Experimenter ëmmer eréischt dann héiert, wann ee se op eemol ewechléisst. An dësem Sënn ass Urlaub in Polen haaptsächlech eng Rhythmussektioun, an zwar eng exzellent.

Déi minimalistesch Basis gëtt den Häerzschlag, mat klengen Uspillungen u West-Coast Pop an de Gittaren, an einfach gehalene Spandicher vu Synthesizeren uewendriwwer, déi wéi Gedanken duerch de Kapp, oder Wolleken duerch een Himmel zéien.

"All" wier keng gutt Plack, wann dëst ganz klassescht Bild net och géif gebrach ginn. Dëst geschitt an dem bal ritualistesche "The Witcher", dat mam Dräivéierels a mam Sechs-Aachtel spillt an een Uschäin vu Wildnis mat an den Disk bréngt, a genee an der Mëtt vun der Plack läit. Eng Aart streng, bal kosmesch Symmetrie erkläert den Titel vum Album "All" a wëllt, datt länger Tracks vu ronn fënnef Minutte sech konsequent mat graff minuttelaangen Interluden ofwiesselen - eng Aart idealiséiert Harmonie, déi onbewosst op den Nolauschterer offierwe kann.

"Nobody ever tried so hard, just like a clock screwed on your heart", séngt de Brenner op "The Hunter". Urlaub in Polen probéieren net ze vill beieneen ze maachen. Traditioun an Innovatioun, Uerdnung a Chaos balancéiere sech perfekt aus op dësem sechste Studioalbum, dee komplettsten an ausgeschafftste vun der Band bis elo. Et ass vläicht déi bescht Geleeënheet, dëse Projet kennenzeléieren a sech ëmwiewen ze loosse vun deem, wat déi zwee op hirem éischten EP "Wohlkangforschung" genannt hunn. Minimalismus muss net langweileg sinn. Merci un Urlaub in Polen fir ee klengen, an dach op seng eegen Aart a Weis monumentale CQFD.