Radioen

On air

De Weekend  |  Isabelle Medinger

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Urban Jazz a ville Faarwen

Metromara

Urban Jazz a ville Faarwen

Um Urban Jazz-Projet Metromara sinn dräi Muséker aus Lëtzebuerg bedeelegt. D'Band ass de Moment op Tournée. Si erkläre wéi hir Musek entsteet a wat se mat engem Diesel-Moteur ze doen huet.

auto_stories

2 min

Metromara ass duerch eng net fräiwëlleg Kollaboratioun vum Bassist Pol Belardi mat der Sängerin Mara Minjoli entstanen. Beim Master-Studium op der Museksschoul zu Antwerpen hu si fir een Exame eppes zesumme misste komponéieren. "An iergendwéi huet d'Chemie gestëmmt", seet de Pol Belardi.

"D'Jazz-Influenz ass sécher dobäi. Et gëtt och vill improviséiert", seet de Keyboarder Jérôme Klein. Et wieren awer och vill Hip Hop-Elementer an hirer Musek, an Aflëss aus der Elektronik. "Urban Jazz" géif hire Stil am beschten ëmräissen.

Den Album "Self-Portrait in Twelve Colors" staamt zum gréissten Deel aus der Fieder vun der Mara Minjoli. "Self-Portrait in Three Colour ass eng interessant Kompositioun vum Charles Mingus", erkläert de Pol Belardi. "Dee Museker hat ee groussen Afloss op d'Mara." D'Zuel zwielef wier ofgeleet vun deenen zwielef Halleftéin. Et wéilt och heeschen, datt et een Album ass, dee ganz faarweg ass an d'Musek vun der Mara Minjoli op verschidden Manéiere géif beliichten.

D'Museker vu Metromara kommen aus Holland, Däitschland a vu Lëtzebuerg. Den Trombonnist Oliver Emmitt ass souguer aus Neiséiland. D'Stécker hätte si fir d'Opname vum Album geprouft, seet de Jérôme Klein. Virun enger Tour géif ee sech bësse méi ee laange Soundcheck huelen, fir nees alles opzefrëschen. "Normalerweis leeft dat dann alles. Et ass bësse wéi eng Diesel-Maschinn."


Um Web: metromara.com