Radioen

On air

Notturno  |  Chilly Gonzales - Knight Moves

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ United Instruments of Lucilin am grousse Studio

Zäitgenësesch Musek

United Instruments of Lucilin am grousse Studio

Lucilin - Vergaangenheet a Géigewaart kommen zesummen. Den Ensembel fir zäitgenëssesch Musek gouf 1999 gegrënnt an huet sech den Numm vun der éischter Buerg um Bock ginn. Den Ensembel spillt Wierker vum Steve Reich, Kate Moore a vum Camille Kerger.

auto_stories

2 min

Zanter senger Grënnung am Joer 1999 huet sech den Ensembel United Instruments of Lucilin national an och international een Numm gemaach. Invitatiounen op grouss Festivalen, Workshops, CD-Opnamen, Uropféierungen, Participatioun un zäitgenësseschen Operen-Projeten. Lucilin ass antëscht de Lëtzebuerger Ambassadeur fir nei Musek. Viru kuerzem war den Ensembel am grousse Studio vum radio 100,7 an huet Wierker vum Steve Reich, Kate Moore a vum Camille Kerger gespillt.

E Wind Controller

2011 schreift déi australesch Komponistin Kate Moore fir United Instruments of Lucilin d'Stéck "Fatal Strangers". Et ass typesch minimal Musek fir Quartettbesetzung, an där mat wéineg rhythmeschem a melodeschem Material eng grouss Palett un Expressivitéit erreecht gëtt. D'Partitur verlaangt als Set-up eng verstäerkte Gei, ee Fender Rhodes Keyboard, een Drumset an ee Wind Controller.

De Wind Controller - op däitsch Blaswandler - gesäit e bëssen aus wéi eng Mondharmonika. En huet selbstverständlech awer ganz aner Klangqualitéiten. D'Instrument ass net nëmme vun der Grëfftechnik hier enorm modulabel. D'Etendue vum Klang geet iwwer aacht Oktaven, erkläert de Saxophonist Olivier Sliepen. Fir hie wier et schonn eng Ëmstellung gewiescht vum klassesche Saxophon op de Wind Controller. D'Ëmstellung hätt sech allerdéngs wéinst deenen neie Klangfaarwe gelount.

Am Kate Moore sengem "Fatal Strangers" wier de Wind Controller op der richteger Plaz. "D'Stéck huet nämlech och de Sound vu Filmmusek", seet den Olivier Sliepen.

Versat Musteren

Nach ewell ass "Fatal Strangers" Minimal Music an der Traditioun vum Steve Reich, dee mat senger "Clapping Music" dëse Begrëff perfekt ëmsetzt. Zwee Performer fir ee Muster, dat stänneg widderholl gëtt. De Kick vum Stéck ass, datt dëst rhythmescht Muster ëmmer liicht versat gëtt an doduerch eng besonnesch rhythmesch Dynamik entsteet.

Solo fir de Saxophon Sopran

"De Camille Kerger kennt de Saxophon immens gutt a weess, wéi ee fir d'Instrument schreift", seet den Olivier Sliepen. Hien huet fir d'Produktioun am grouss Studio vum radio 100,7 "Wish" fir Saxophon Sopran solo vum Lëtzebuerger Komponist gespillt. "Wish" begleet den Olivier Sliepen elo schonn iwwer Joren a sengem Repertoire. "Wat mir besonnesch un deem Stéck gefält: Et stécht voll mat zäitgenëssesche Schreiftechniken, an et ass awer lyresch - ganz charakteristesch fir de Camille Kerger."


Lucilin spillt an der Besetzung: André Pons-Valdes (Gei), Olivier Sliepen (Wind Controller a Saxophon Sopran), Pascal Meyer (Keyboard), Guy Frisch a Louis Muller (Perkussioun).