Radioen

On air

Notturno  |  Ben Wendel - January

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Two Guitars – Two Artists

Nei CD vun de Gittariste Greg Lamy a Paulo Simoes

Two Guitars – Two Artists

Elektresch an akustesch Gittaren treffen openeen. Ze héiere sinn nei Arrangementer vu Standarde wéi “Insensatez” vum Carlos Jobim oder “Days of Wine & Roses” vum Henry Mancini, an och eege Stécker.

auto_stories

3 min

Greg Lamy

Greg Lamy a Paulo Simoes, zwee Gittaristen hei vu Lëtzebuerg, déi sech fonnt hu fir mat anere Gaaschtmuseker eng CD eraus ze bréngen ënnert dem Numm "Two Guitars". Drop ze fanne sinn nei Arrangementer vu Standarde wéi “Insensatez” vum Carlos Jobim, “Days of Wine & Roses” vum Henry Mancini an nach aner Saachen. Zwou vun deenen aacht Kompositioune stamen Original aus der Fieder vum Greg Lamy. “Le Chien”, eng méi al Kompositioun, déi hien nei adaptéiert huet, a “Blues for Jean”, als Undenken un e verstuerwene Kolleg vum Gittarist Greg Lamy.

Aner Gaaschtmuseker dierfte wuel jidderengem bekannt sinn. Den Erny Hames op der Trompette an um Bugel, de Gautier Laurent um Sträichbass an de Jérôme Goldschmidt op der Perkussioun.

Zwee Gittaristen – zwee Stiler

Et kéint ee sech froen, wat dann zwee Gittaristen op deene selwechte Stécker da géing ënnerscheeden. De Greg Lamy erkläert, datt de Paulo Simoes éischter aus dem Bluesberäich kënnt a sech méi der akustescher Gittar hirgëtt. De Greg Lamy, allerdéngs, konzentréiert sech méi op déi elektresch Gittar, an huet sech viru kuerzem en neit Instrument zu New York kaf. Hien hat sech zwee Joer op d’Sich gemaach fir dat Instrument ze fannen, wat him an allen Hisiichte passt. Him ass et wichteg, net de Klang ze reproduzéieren, déi och aner Museker hunn, mee éischter säin eegene Stil a Klang ze sichen.

Greg Lamy in Concert

Mat der Band aus dëser neier CD mam Paulo Simoes an anere Museker wäert et schwéier ginn op eng Tour ze goen, well all Museker u sech schonns anerwäerts vill engagéiert ass, allerdéngs soll et awer 2016 vläicht nach zu deem engen oder anere Concert kommen, wou dës Band Live Stécker aus dëser neier CD virstelle kënnt.

Allerdéngs ass de Greg Lamy an anere Formatioune geschwënn nees op der Bühn ze héieren an ze gesinn, wéi beispillsweis als Trio an der Abtei Neimënster de Sonndeg 24. Januar mam Gautier Laurent a Jean-Marc Robin, oder als Quartett zu Freiburg, de 27. Januar.

De Manuel Ribeiro huet sech mam Greg Lamy am Studio getraff fir e längert Gespréich mat him ze féieren iwwert dës nei CD wéi och iwwert d’Instrument Gittar an dem Kënschtler seng Aktivitéiten: