Déi véier Bandmemberen hunn de Rock n' Roll ëm eng Grëtz zeréckgeschrauft, dofir koum eng gewëssen Accessibilitéit duerch Electro Pop Elementer an d'Rezept.
Tuys huet Spaass op der Bün, op Live-Concerten oder am grousse Studio vum radio 100,7. Eng ambitiéis Lëtzebuerger Formatioun déi amgaang ass eng interessant musikalesch Evolutioun ze erliewen.