Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Familljegeschicht

Trio Koch

Eng Familljegeschicht

Den Trio Koch - dat sinn op der Gei de Philippe Koch (de Konzertmeeschter vum OPL) a seng Duechter Laurence, an de Fils Jean-Philippe um Piano. De Familljentrio huet elo säin éischten CD erausbruecht mat Wierker vum Moritz Moszskowski, vum Darius Milhaud a vum Bohuslav Martinu. Viru Kuerzem huet den Trio den CD zu Berlin an der Philharmonie an zu Paräis am Goethe-Institut presentéiert.

auto_stories

6 min

© Trio Koch

An dëser Produktioun stëmmt esou gutt ewéi alles: D'Konzept an de Programm, d’Interpretatioun an och d’Opnahm selwer. Den Trio Koch demonstréiert Präzisioun, Virtuositéit, Kohärenz a musikaleschem Versteesdemech. Derbäi kënnt dann nach deen exzellent ausbalancéierte Klang vun der Opnam, deen Transparenz an d’Raffinesse vun den Interpretatiounen ënnersträicht.

De Philippe, d’Laurence an de Jean-Philippe Koch hunn sech ee Programm ausgeduecht, deen déi ënnerschiddlechst Tendenzen am Ufank vum 20. Jorhonnert erëmgëtt: Déi romantesch Nokläng vum Moritz Moszkowski, dann déi impressionistesch franséisch Téin vum Darius Milhaud an déi folkloristesch ugehauchten, staark rhythmesch Sonatine vum Bohuslav Martinu.

Kammermusikalescht Versteesdemech

Den Trio Koch fënnt fir déi dräi Wierker dee richtegen Zougrëff. Et spiert ee bei all Phrase, wéi selbstverständlech d’Kommunikatioun tëscht den dräi Museker ass. Do stécht vill Aarbecht derhannert, fir deen Niveau un technescher an awer musikalescher Gemeinsamkeet ze erreechen.

Musek ass an der Famill Koch eng richteg „affaire de famille“. De Grousspapp vum Philippe Koch war Geiist, Professer an der Chapelle Reine Elisabeth. Och de Monni an d’Mamm hu Gei gespillt. De Philippe Koch huet d’Traditioun weiderginn u seng Duechter Laurence, déi am Stater Conservatoire enseignéiert. De Fils Jean-Philippe ass Pianist an och Enseignant am Stater Conservatoire.

Natierlech leeft et net ouni Diskussiounen of, wann ee Familljentrio eng CD ophëlt. Mee dat ass selbstverständlech, mengt d’Laurence Koch. "D’Musek verlaangt einfach, datt een iwwer verschidde Saache schwätzt." Do spillt et eigentlech keng Roll, wien mat wiem zesummespillt. „All gudde Rot ass wëllkomm“, seet de Philippe Koch, grad wann en vun der jonker Generatioun kéim, déi och nei Iddien op d'Tapéit bréngt.

Ongewinnt Besetzung

Zwou Geien an ee Piano – dat ass eng ongewinnten Trio-Besetzung, fir déi et net ganz vill Repertoirë gëtt. „Dat mécht d’Saach grad interessant", sou de Philippe Koch. Am Laf vun der Zäit hätten se scho munnech Decouvertë gemaach a jo och schonn zwou CDen gemaach – allerdéngs net an der renger Familljenbesetzung. Ganz muttwëlleg huet den Trio Koch sech awer net an d’Aventure lancéiert. „Mir hunn natierlech virop Recherchë gemaach. Mat nëmmen engem Grapp voll Stécker, hätt d’Saach kee Sënn gemaach.“

D’Resultat ass, datt an deem Repertoire manner bekannte Komponisten zu Éiere kommen, déi duerfir awer net manner gutt musse sinn. Moszkowski, Milhaud, Martinu sinn dofir ee gutt Beispill.

​D'Laurence Koch hält dem Moritz Moszkowski seng Suite esouguer fir eent vun deene wichtegste Kammermuseksstécker: „Fir mech ass et een immens grousst Wierk". Ee Wierk, dat awer immens schwéier wier, duerfir géif et wahrscheinlech net dacks gespillt ginn. De Moritz Moszkowski huet haaptsächlech fir de Piano geschriwwen. Hie war ee vun de grousse virtuose Romantiker. Esouguer fir een Ensemble, wéi den Trio Koch, dee sech wierklech gutt kennt, war déi Suite eng Erausfuerderung.

Beim Bohuslav Martinu appreciéieren déi dräi Museker virun allem déi vill Klangfaarwen, déi flott Rhythmen an déi wonnerbar Stëmmungen an de luese Sätz. Dem Darius Milhaud seng Musek wier par konter méi delikat. De Komponist ass ni op grouss Effekter aus. Net fir näischt kléngen déi dräi Sätz vu senger Sonat ganz lues aus. „De Milhaud ass eise klenge Chouchou“, seet d'Laurence Koch.

Déi nei CD soll déi musikalesch Visitëkaart vum Trio Koch sinn. Esou eppes bräicht een ganz einfach als Ensemble. Et géif nämlech vill Ufroe ginn fir Concerten aus dem Ausland. Fir eng nächst CD gëtt et och schonn eng Rëtsch Iddien. Elo läit de Fokus awer op dëser Produktioun: Den Trio muss vill Energie an Zäit doranner stiechen, sech richteg ze entwéckelen – mat Präsenz op Internet a Facebook.

Den Interview vum Guy Engels mam Philippe a Laurence Koch: