Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Traditioun reloaded

Oum – ‚Daba’

Traditioun reloaded

"Daba' heescht der marokkanescher Sängerin Oum hiren drëtten Album. Mat eegenem Material weist si sech dobäi als modern muslimesch Interpretin, déi och bei méi heikele Sujete Kloertext schwätzt. De 26. Februar trëtt si an der Philharmonie op. 'Daba' heescht op arabesch 'elo'. D'Oum El Ghaït Benessahraoui - als Kënschtlerin just Oum - huet hirem aktuellen Album dëse Numm ginn, Elo. D'Géigewaart an där si lieft, an där mir liewen. Vun där si erzielt.

auto_stories

3 min

Mech erënnert de Repertoire op dësem Album dacks un e Noriichteniwwerbléck an engem Telés-Journal oder engem Politmagazin. Den Ëmgang an de Net-Respekt vis-à-vis vun der Ëmwelt, d'Süd-Nord-Migratioun an d'Problematik vun de Läit déi hei stranden, d'Bestriewe vun der Fra sech aus dem traditionellem Gesellschaftskorselet ze befreien. Mee och, wéi meeschtens an esou engem Telésjournal als leschte Meldung fir eng Grëtz optimistesch ofzeschléissen, e positive Sujet - den Appell zum Mat- amplaz Géinteneen.

Déi kulturell Barrièren, esou d'Sängerin, hätte manner Gewiicht wéi d'Kraaft déi d'Mënschen zesummeféiert. D'Kraaft vun der Léift, vum Sënnlechen, vum Orient deen op déi westlech Welt trëfft a béidsäiteger Unerkennung - alles dat dréckt si an hirer Musek, an hire Kompositiounen aus.

Huet een dës sënnlech poetesch Elementer schonns méi dacks an orientalesche Produktiounen héieren, sou brauch et fir de sozialen Engagement schonns eng Partie Courage a Perséinlechkeet - ëmsou méi, wou d'Oum domadder aus enger Welt an engem Kulturkrees ausbrécht, wou allermeeschtens d'Männer d'Soen hunn. Esou munch Konservativen dierften d'Texter vun der Interpretin dann och manner gutt gefalen ... genee wéi de sënnleche Clip zum Lidd "Rhyam'.

Jazzy Sahara

Dëse Wonsch nom Matenee kënnt och am Lidderkonzept an an der Orchestratioun zum Droen. An deene gréisstendeels akustesche Kompositioune sinn et wuel ëmmer hier arabesche Wuerzelen déi den Toun uginn, mee a si mësche sech dezent e puer elektronesch Kläng eran, eng roueg gespillte Jazztrompett oder den décken Holzbass suerge fir e méi westlechen Touch. Punktuell agestreet wierke mysteriéis tranceaarteg Sequenze wéi ee se aus der Sufi-Kultur kennt, roueg, hypnotesch, ouni sech iergendwéi opzedrängen. D'Musek huet Loft fir ze ootmen a Raum fir sech ze entfalen.

D'Sahara DNA op der enger Säit, femme du monde op där anerer, béides verschmolz, eben dat Mateneen am Elo...

Hiren Album "Daba' stellt d'Oum an e multikulturelle Kontext. Si seet en zu Casablanca am Kapp erduecht, zu Paräis mat hirer Band op d'Welt gesat, zu Berlin am Studio opgeholl. D'kënschtleresch Gestaltung iwwerléisst si dobäi der palestinensescher Musekerkollegin Kamilya Jubran déi et beschtens fäerdeg bréngt déi traditionell Elementer mam Elo ze verbannen.

Saache veränneren

Wéi dës Aarbechterinne wiewen d'Oum an hire musikaleschen Entourage en Teppech mat Motiver aus diverse Kulturen, mat Andréck déi si doheem oder wärend hiren Tournéeën ophëlt, mat Faarwsprënsele vun hei a vun do. A mam Appell, sech villem bewosst ze ginn, ze reagéieren, Verännerungen erbäizeféieren.

"Daba' ass en Album vollgepaakt mat sënnlecher Poesie a sozialem Engagement, mat Loscht op d'Kenneléieren vun anerem, vum Kucken iwwer déi eege Nuesespëtzt eraus. Dat tempoméisseg ni op der Iwwerhuelspuer, éischter relax an ofgehaangen zerwéiert, mat deem Schotz Optimismus deen een duerchaus brauch fir den Elo ze verdauen.

Sämtlech Lidder sinn aus der Fieder vun der Interpretin, op arabesch virgedroen, mat franséischer an englescher Iwwersetzung am Textheft

"Daba' erënnert vun der Astellung hier un de virleschten Album vum Oum, "Zarabi', dee si den Teppechwiewerinnen aus engem klenge marokkaneschen Duerfatelier dediéiert hat. Och dat war en Hommage un d'Fraen an enger méi moderner arabescher Gesellschaft, déi sech opdeet - oder opmannst fir esou Ouverture kämpft.