Radioen

On air

Notturno  |  Franco Battiato - Up Patriots To Arms

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tokyo, Yokohama a Kyoto

United Instruments of Lucilin

Tokyo, Yokohama a Kyoto

Am Februar 2019 huet den Ensembel fir zäitgenëssesch Musek United Instruments of Lucilin d'Uropféierung vun der Kammeroper "En Silence" am Groussen Theater gespillt. Den Ament ass den Ensembel mat dëser Oper vum Oscar-Gewënner Alexandre Desplat an der Geiistin Solrey op Tournée duerch Japan.

auto_stories

2 min

Foto: Lucilin

Iwwer eng japanesch Agentin, mat där den United Instruments of Lucilin well e puer mol zesummegeschafft huet, gouf den Ensembel no der Uropféierung vun der Kammeroper "En Silence" fir dräi Concerten a Japan invitéiert. D'Oper steet zu Kyoto an zu Yokohama op der Affiche, an zu Tokyo spillt den Ensembel e Concert an der Lëtzebuergescher Ambassade.

Eng intensiv Zäit

Déi éischt Opféierung vun der Kammeroper am Kader vun dëser Japan-Tournée war e Samschdeg, den 18. Januar. D'Zäit virdru wier intensiv gewiescht, seet de Guy Frisch, Perkussionist an Direkter vu Lucilin.

Nodeems den Ensembel moies um néng Auer zu Osaka gelant ass, ass et annerhallef Stonn mam Bus weider op Kyoto gaangen. No engem kuerzen Openthalt am Hotel war et dunn un der Zäit fir déi éischt Prouf, déi bis aacht Auer owes gedauert huet. Zäit fir en Jet lag ze verschaffe bleift do keng, wéi de Guy Frisch erkläert:

"Dat war schonn zimmlech haart, well mir am Fong aus dem Fliger quasi an den Hotel an direkt an de Concertssall hu misste goen. An den Dag drop war genee esou intensiv. Nach méi eigentlech, well eben déi ganz Dekoren hu missten ajustéiert ginn."

De Publikum begeeschtert

Déi ganz Méi schéngt sech awer gelount ze hunn. De Publikum am Rohm Theater zu Kyoto wier ganz dankbar an interesséiert gewiescht, seet de Guy Frisch. Et wier e seriöt Stéck, an deementspriechend hätt de Publikum reagéiert.

"Wat mir elo zu Kyoto gemierkt hunn, ass datt d'Leit op alle Fall begeeschtert waren. [...] Si hu ganz intensiv geklappt. Et ware quasi eng 1.000 Leit do, dat heescht de Sall war ganz gutt gefëllt. Ech géif soen zu 90, 95 Prozent."

"Et wiisst een zesummen"

Esou eng Tournée géif engem hëllefe virunzekommen, well ee vill Zäit hätt fir ze prouwen. Gläichzäiteg géif een als Ensembel zesummewuessen.

"Et gëtt natierlech och vill diskutéiert, och iwwer déi nächst Projeten. Dat heescht, et sëtzt een zesummen am Bus, et sëtzt een herno zesummen am Restaurant, et huet een d'Pausen zesummen, an et gëtt vill geschwat. An natierlech, vum musikaleschen hier wiisst ee ganz kloer nach méi zesummen. Ech mengen et ass een erëm eng Kéier e Stéck méi räif no esou enger Tournée."