Radioen

On air

Notturno  |  Jana Horn - Days Go By

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Formule gouf liicht weiderentwéckelt

This Is The Kit - Off Off On

D'Formule gouf liicht weiderentwéckelt

Zanter de Mëtt 2000er ass This Is The Kit amgaang un hirer ënnerdriwwener Folk-Visioun ze feilen. De Grupp ronderëm déi englesch Musekerin Kate Stables ass fir hir verspillten a subtil Approche bekannt, an op hirer neier Plack "Off Off On" fléissen déi verschiddenst Elementer nees ouni Krämpes aneneen iwwer.

auto_stories

3 min

Op hirer leschter Release "Moonshine Freeze" virun dräi Joer, hat "This Is The Kit" een nach méi soberen Sound wéi an der Vergaangenheet presentéiert. Mat dezenten Arrangementer, ganz elegante Bléiser an eng Rhythmussektioun, déi den néidege Raum geschafen a vill verflechte Motiver zum Danze bruecht huet. Dräi Joer spéider gouf elo déi Formule liicht weiderentwéckelt. De charmante Banjo ass nach ëmmer do, déi organesch Afrobeat Influenz, déi onheemlech Dynamik vum Grupp oder och de frenetesche Saxophon, deen hei an do opdaucht. Neierdéngs schéngt awer och minimal music fir déi éischte Kéier eng kleng Inspiratioun gewiescht ze sinn, wéi um Stéck "Coming To Get You Nowhere".

Verschaffe vun der Pandemie

"Off Off On" ass virun der Pandemie entstanen. D'Lidder hunn e puer Joer am Kapp vun der Kate Stables gemautscht, wärenddeems si op ganz grousse Bünen an amerikanesche Late Night Shows als backing Sängerin fir The National täteg war. An du gouf Ufank dëst Joer e klengt Haischen an der Pampa vu Wales gelount, wou déi nei Stécker ageprouft goufen, éier d'Band dunn hiert d'Material eriwwer an England kutschéiert huet fir an engem schéine Studio opzehuelen. Anscheinend ass et lëschteg hiergaangen.

"Wat ech haaptsächlech an Erënnerung behalen, si Laachkrisen. Jiddweree war e bësse midd, et war e bësse spéit a mir konnten net méi ophalen ze laachen. Fir mech war dat e gutt Zeechen. Jiddwereen huet sech gutt ameséiert."

"This Is The Kit" ass eng Band, bei där een eben zemools dat eenheetlecht Zesummespill appreciéiert. De Kär vum Grupp ronderëm d'Kate Stables op der Gittar, Banjo a Gesang, nämlech d'Rozi Plain um Bass, de Neil Smith op der Gittar, Jamie Whitby-Coles op der Batterie an Jesse D Vernon op Verschiddenes, musizéiert scho laang zesummen. An op hirer neier Plack ass keng Nout ze vill, keng ze mann. Den amerikanesche Produzent Josh Kaufman, dee fir seng Zesummenaarbecht mam Bob Weir vun The Grateful Dead oder och The Hold Steady bekannt ass, stoung der Musek net am Wee. Et gëtt virun allem gespillt, musizéiert, an net laang konzipéiert oder sech an techneschen Detailer verluer. Op alle Fall kléngt d'Resultat ganz natierlech. Dat ass och villes der renger a verschnörkelter Stëmm vun der Kate Stables ze verdanken, déi fräi iwwer déi ënnerdriwwen Arrangementer fléisst.

Héijen Niveau

"Off Off On" beschäftegt sech mat de Rhythme vum Liewen. Lidder doriwwer, wéi den Alldag een anhuele kann. Wéi Krankheet Spueren a senger eegener Identitéit hannerléisst. Iwwer Magie, wéi mir déi Jugendlech behandelen, hinnen net wierklech nolauschteren an hir Zukunft ouni hir d'Averständnis forméieren. D'Kate Stables huet mat hirem neien "This Is The Kit" Album nees d'Lat héich gehalen an e Wierk opgebaut, dat musikalesch souwéi lyresch nees vun Intimitéit platzt.

"Dës Lidder ze lauschteren ass fir mech, wéi wann ech erëm mat all de Museker am Studio zesumme sinn. An enger komescher pre-Coronavirus-Zäit, wou mer eis op d'Musek fokusséiert hunn an deem anere seng Presenz genoss hunn. Ech vermëssen dat. Mat Leit zesummen ze sinn, ze musizéieren a keng Suergen ze hunn."


Lauschtert dat ganzt Gespréich hei.