Radioen

On air

De Moien  |  Iron & Wine, Fiona Apple - All in Good Time

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Them Lights - Lovesick

Schlofzëmmerbléck

Them Lights - Lovesick

13 Museker hu mir gefrot, eis am Confinement e Song ze maachen - als Momentopnahm vun der lëtzebuerger Zeen. Fir de Sacha Hanlet alias Them Lights ass et eng produktiv Zäit - ee Song pro Mount soll an nächster Zäit eräuskommen. Een dovunn exklusiv gei op Radio 100,7 - Lovesick.

auto_stories

2 min

13 Museker hu mir gefrot, eis am Confinement e Song ze maachen - als Momentopnahm vun der Lëtzebuerger Zeen. Fir de Sacha Hanlet alias Them Lights ass et eng produktiv Zäit - ee Song pro Mount soll an nächster Zäit erauskommen. Een dovun exklusiv gei op Radio 100,7 - Lovesick."Ech sinn am Fong, wéi ëmmer, just mengem Gefill nogaangen."

radio 100komma7 · ThemLights - Lovesick

Op "Lovesick" schwieft de Beat manner aggressiv wéi gewinnt déif am Ënnergrond a verbënnt de Song mat der Äerd - wéi ee laangt Waarden. De Confinement huet seng Oppressioun wuel an de Song erafonnt.

"Ech maache ganz vill Collaboratiounen am Moment, a produzéieren och fir aner Leit Musek", esou de Sacha Hanlet, de Mann hannert dem Projet. "Ech sinn et soss am Fong gewinnt, eleng bei mir doheem ze schaffen - Them Lights, dat ass näischt anescht."

De Museker ass op enger produktiver Well. Mat genuch Material fir all Mount e Song erauszebréngen, kënne mir eis op weider urban inspiréiert R&B Songs freeën.