Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ The Young Lions - Den Nowuess am Jazz zu Lëtzebuerg

Déi nei Gard

The Young Lions - Den Nowuess am Jazz zu Lëtzebuerg

De Batteur Luca Pedana an de Gittarist Etienne Grüness zielen zu der neier Gard vun der Lëtzebuerger Jazz-Zeen. Si si knapps mam Lycée fäerdeg a wëllen Jazz studéiere goen. Zu Lëtzebuerg spille si reegelméisseg a verschiddene Formatioune, mee elo wëlle si kucken, wat et an der wäiter Welt nach gëtt. Si schwätzen iwwer hir Influenzen an Iddien.

auto_stories

1 min

Luca Pedana an Etienne Grüness

"Jazz mécht engem extrem vill Dieren op", seet den Etienne Grüness. D'Improviséieren an d'Zesummespill géif zu enger Connectioun tëschen de Museker féieren, wéi dat a kengem anere Genre de Fall wier.

Duerch en CD vum amerikanesche Pianist Tommy Flanagan wier hien iwwerhaapt mol op Jazz opmierksam ginn, erkläert de Gittarist. Virdrun hätt hie Rock a Metal gespillt. Déi Musek hätt och weiderhin en Afloss op seng eege Kompositiounen. Zum Beispill hätt den Album Damnation vun der progressiver Metalband Opeth hie fir säi Stéck "Composition 12" inspiréiert.

Dem Luca Pedana säin éischten Jazz-Album war "Kind Of Blue" vum Miles Davis. So What hätt hien och scho mam Etienne Grüness zesummen interpretéiert. Déi zwee Museker wëlle vum Hierscht un op Musekshéichschoulen am Ausland goen. Inspiratioun géif hie sech haaptsächlech vun den anere Studente wënschen, seet de Luca.

Den 30. Mee trieden déi zwee Museker mat hirer Funk-Band Leeds zu Suessem um Schlassfest op. Am Gespréich mam Pol Belardi a Pit Dahm gi si Ablécker an hir Philosophie an an hir Inspiratiounen.