Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Delikatess vum "Vintage-Sound"

Album vun der Woch

D'Delikatess vum "Vintage-Sound"

"The Unborn Capitalist From Limbo" ass dat éischt eegent Wierk vum Cory Hanson. A sengem Solo-Album weist de Frontmann vun der kalifornescher Garage-Psych-Rockband "Wand" sech mat méi intimen a rouege Téin.

auto_stories

2 min

Zanter 2014 huet den Trio "Wand" dräi "Longplayer" eraus ginn. Elo ass de Frontman Cory Hanson nees zeréck, dat awer mat sengem éischte Soloprojet.

Hie gëtt dacks mam Ty Segall associéiert, well deen zesumme mam Hanson eng Rei aner musikalesch Projeten an de leschte Joren op d’Been gestallt huet, ënner anerem och dem Ty Segall säin aachte Longplayer "Emotional Mugger". Zwee Bandmembere vu "Wand" waren och beim Ty Segall senger Backing-Band "The Muggers" mat derbäi: De Perkussionist Evan Burrows an de Cory Hanson.

Mä wat de charismatesch, awer relativ zeréckhalenden Hanson op sengem Debut-Longplayer ze bidden huet, schéngt vill méi intimistesch, méi zeréckgehalen a méi roueg ze sinn, ewéi bis ewell gewinnt.

Mat aacht Titelen d'Welt beschreiwen

Dem Hanson seng Ambitioun läit an der Delikatess vum "Vintage-Sound", ouni awer iergendwou deen ale familiäre Style ganz ewech ze loossen. An der Haaptsaach läit et um Cory Hanson senger Stëmm. Um Album "The Unborn Capitalist from Limbo" iwwerzeegt hien an enger Tounaart, déi ee soss net vun him gewinnt ass. Trotzdem bleift hien op seng gewinnte Manéier psychedelesch.

Dobäi kënnt eng gutt Portioun akustesch Gittaren a Sträicher, déi ee bei verschiddenen Titelen direkt an eng vergaangen Ära verschloen. Fir den Album gëtt den Hanson sech nëmmen aacht Titele fir d’Welt ze vermëttelen an där mir liewen.

Melancholesch, net traureg

"The Unborn Capitalist from Limbo" ass schéin an awer och bizar. Sämtlech Titele si melancholesch an awer net onbedéngt traureg. D’Qualitéit vum Produit läit am professionelle "Songwriting", dee perfekt nieft enger Lava-Luucht mat Räucherstäbecher ze genéissen ass. Emotioune kommen egal wéi op.

Et ass alles an allem en orchestréierte psychedelesche Softfolk-Album, deen ouni Influenze wéi "Nick Drake", "Sixto Rodriguez", "The Plastic Ono Band" a "Bill Fay" net géing existéieren. Eng aner Säit vum Frontmann vu "Wand", eng sympathesch Säit, déi dem Cory Hanson seng musikalesch Maturitéit am Positiven ervirhieft.