Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Debutalbum "The Process" iwwerrascht

Sampha Sisay

Den Debutalbum "The Process" iwwerrascht

Hien huet mat Nimm wéi Drake, Frank Ocean, Solange oder SBTRKT collaboréiert. Elo iwwerrascht de britesche Sänger Sampha Sisay mat sengem Debut-Album, dee besser ass, wéi d'Aarbecht vu senge Mentoren.

auto_stories

3 min

Dem Sampha säi musikalesche Background ass Hip-Hop a Grime. Als Beatmaker an MC mam Pseudonym Nova Kid gouf hien 2007 vum Drake ugeruff. De bekannte kanadesche Rapper wollt ee Beat vum jonken Englänner. De Rescht ass Geschicht. Zéng Joer méi spéit bréngt hien een Album eraus, deen een Drake ni géif fäerdeg bréngen.

Wann een d'Lëscht vum Sampha senge Referenzen ukuckt, kéint ee sech mat all deenen amerikanesche Pop-Staren een opgeblosenen Chartbreaker-Disk erwaarden. Deenen Erwaardunge gëtt de Museker net gerecht – an dat ass och gutt esou. "The Process" ass ee verhältnisméisseg rouegen Album voller Subtilitéiten, Iwwerraschungen a klengen Experimenter.

Keng musikalesch Limitten

Den Album fänkt u mat dräi ganz verschiddenen Titelen, déi eng Unitéit bilden. Um Opener "Plastic 100°C", croont de Sänger sech op een Neil Armstrong-Sample direkt mol all seng Ängschte vun der Séil. Fir dann um zweeten Track op dee séierste Beat vum Album viru Gestalten a Kaputze musse fortzelafen, well déi Blutt un him richen. Deen drëtten Titel "Kora Sings" ass dee stäerkste Song vun der Plack. Hei kënnt de Sampha mat engem wichtege Leitmotiv: Dem Doud vu senger Mamm.

Am Refrain mengt ee sech scho bal bei enger Indie-Band, wéi de Foals. Et ass kloer, hei huet een et net mat engem weideren Alternative R&B oder Neo-Soul Album ze doen. De Sampha kennt keng musikalesch Limitten. Hie benotzt wat grad passt an ass sech net ze schued, fir als nächsten Titel eng Pianos-Ballad ze bréngen. Déi kléngt, wéi wa se effektiv, wéi den Text et undeit, op senger Mamm hirem Piano gespillt gi wier. Mam néidegen Honky-Tonk.

No engem weidere rouegen Titel kënnt mat "Reverse Faults" e weidere groussen Highlight, wou de Museker Grime-Elementer mat experimenteller Elektronik a grousse Pop-Gesten zu engem immens smoothe Song wuesse léisst.

Villsäiteg mee gläichzäiteg homogen a konsistent

Op "Under" wiisst de Crooner op repetitiv mantra-méisseg Grooven iwwert sech eraus. Op "Timmy's Prayer" gëtt et gospelzech, bei "Incomplete Kisses" däerf een dann endlech de Briquet an d'Luucht hale fir bei "What Shouldn't I Be?" eng Käerz unzefänke, wann ee mam Sänger eleng a sengem Zëmmer däerf kräischen.

Et ass scho laang kee sou ee villsäitegen a gläichzäiteg homogenen a konsistenten Album erauskomm, wéi "The Process" vum Sampha. Obwuel d'Kompositiounen éischter roueg sinn, hält de Kënschtler seng Nolauschterer duerch spannend Arrangementer fest a sengem Bann. An d'Produktioun ass mat Momenter sou gutt, datt ee Loscht hätt an d'Musek ze bäissen.


"The Process" vum Sampha ass den Album vun der Woch vum 13. bis den 19. Februar um radio 100,7