Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Blann gemaach vun ze vill Faarf

The Flaming Lips - American Head

Blann gemaach vun ze vill Faarf

"American Head" heescht den 21. Studioalbum vun de Flaming Lips, eng Band, déi nach ni e Blat virun de Mond geholl huet. De Marc Clement huet en als Album vun der Woch matbruecht.

auto_stories

3 min

D'Onschold huet eng ganz besonnesch Roll ze spillen an de Flaming Lips hirer Musek.

Et héiert ee se. Zum Beispill am Wayne Coyne senger Stëmm, déi wéi dem Neil Young seng ëmmer e bësse méi héich gräift, wéi se natierlech géif, an dann am wichtegste Saz liicht brécht, fir eng réierend Verletzlechkeet opzedecken. Et huet een hir Zelebratioun gespuert an deenen Dosende vun opblosbaren Déieren, Kiloe vu Konfetti, Glitter a Freedefeier, déi an den 80er an 90er duerch de Sall geflu sinn, wann d'Flaming Lips op Besuch waren.

Et liest ee se an den Textzeile vun de Lidder op "The Soft Bulletin", der Band hirer erfollegräichster Plack vu viru mëttlerweil 20 Joer, wou de Coyne der westlecher Welt hire Konflikt mam Progrès mat engem Superman vergläicht, deen de Planéit muss stemmen an d'Kraaft net méi huet. An och e puer Joer méi spéit op "Yoshimi Battles the Pink Robots", wou d'Band an d'Haut vun engem jonke Mënsch an der Zukunft rutscht.

An deene 37 Joer, wou et dës Band gëtt, hu si sech nach ni een Air ginn, hunn nach net eemol probéiert, kompetent eriwwerzekommen oder perfekt Personaen ze erschafen, wéi aner Museker vun hirer Generatioun. Hir labbereg, heiansdo onbehollef Manéier grouss Illusiounen ze schafen, feiert dat Éierlecht, dat wat probéiert, mee net noutwendegerweis geléngt, dat wat d'Ambitiounen an d'Schwächte vum Mënsch, an d'Spannung dotëschend, feiert mat grenzelosem Optimismus.

Reizüberflutung vun der Internet-Ära visualiséiert

Op dësem neien Album, "American Head", geet et bal ëm d'Onschold, an déi honnerte Manéieren, op déi ee se verléiere kann. Vun der Band hiren éischten Erfarunge mat bewosstsinns-erweidernden Drogen ass rieds, vun deene Frënn, déi mam Moto bäigaange sinn oder anescht een tragescht Enn fonnt hunn, vun den Enttäuschunge vun der Léift. Et geet awer och ëm d'Obsessioun mam Bild an der amerikanescher Gesellschaft, déi d'Imperfektioun an déi Part Echec, déi Deel vun all Eropstriewen ass, net ëmmer gutt verdaut.

Dofir bludden de Lips hir Aen an alle Faarwen, an deene mëttlerweil dräi Video-Clippen, déi den Album begleeden, an och um Cover. Blann gemaach vun ze vill Faarf, reflektéiert dës visuell Metapher och d'Reizüberflutung vun der Internet-Ära.

D'Onschold, oder de Glawen u si, ass natierlech d'Excuse fir vill Verbriechen, Haass a Batterkeet tëschend de Leit. D'Verännerung gewënnt ëmmer géint ee vermeintleche perfekten Urzoustand, deen een, esou vill een och probéiert, net enforcéiert kritt. Reliéise Fundamentalismus, ideologesch Rigiditéit, een neie Wan vun der Stäerkt zitt duerch hiert Amerika duerch Trump-Zäiten. Vläicht ass et als Äntwert heirop, datt d'Flaming Lips aus hirer Liewenserfarung erzielen a weiderhin dat net-perfekt, dat bréckelegt, dat éierlecht héichhalen. Den anti-reliéise Song "You Are My Religion", setzt d'Léift dobäi esou wäit iwwer all Ideologie, datt et scho bal reliéis ass.

Eng Plack, déi als Ganzt eppes ze soen huet

Musikalesch sinn d'Lips a grousser Form, spruddele vu beréierende Melodien an Arrangementer, ouni jemools d'Schinn vun einfach accessibelem Rock ze verloossen. Als Produzent sëtzt den Dave Fridmann um Pult, dee Mann, deen aus "The Soft Bulletin" déi wonnerbar retro-futuristesch Plack gemaach huet, déi se war. D'Texter kucken zeréck, d'Musek manner. Wien d'Faming Lips schonn ëmmer eemol ouni Retro wollt hunn, dee kënnt hei op seng Käschten. D'Band ass genee an där Stëmm, a genee deem Sound, dee si iwwer Joren opgebaut hunn, informéiert vun Experimenter, Autodidaktik.

"American Head" ass eng Revelatioun, net well hei musikalesch alles nei wier, mee well et eng Plack ass, déi als Ganzt eppes ze soen huet, wat Wierder eleng nëmme schwéier afänke kënnen.