Radioen

On air

Notturno  |  Klein - Creator

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tëschent Akribie a Perfektiounsverweigerung

Black Country, New Road - For The First Time

Tëschent Akribie a Perfektiounsverweigerung

Black Country, New Road ass ouni Zweiwel d'Band vun der Stonn a presentéiert elo mat "For The First Time" een impressionanten Debutalbum, dee Post-Punk mat Sträichinstrumenter an enger Portioun Klezmer a Free Jazz fusionéiert. D'Resultat ass konstant onberechenbar a gëtt den Erwaardunge méi wéi gerecht.

auto_stories

3 min

Do ass en also, den Debutalbum vun der weltbeschter Band - op d'mannst, wann een dem brittesche Museksmagasinn "The Quietus" gleewe wëllt.

The hype is real

Deen huet Black Country, New Road dëse prestigiéisen Titel zougeschriwwen - nodeems d'Band grad mol zwee Lidder released hat.

U Superlative musse Black Country, New Road sech gewinnen, zanter Freideg ass hiren neien Album dobaussen, dee se sënngeméiss "For the First Time" genannt hunn, an et ass schwéier den Hype ronderëm d'Formatioun klengzeschwätzen.

Woubäi neien Album eng falsch Beschreiwung ass, well ganzer véier vun de sechs Songs schonn am Virfeld released goufen an den Album eigentlech och éischter e Mixtape vun der fréier Bandphas ass, seet de Frontmann Isaac Wood.

Beim nächsten Disk, dee laut Band scho wäit fortgeschratt ass, géif een dann e richtegen Album mat Konzept an allem ofliwweren. Villäicht hëlleft jo just nach esou een Understatement géint déi sëlleg Overstatements vun de Musekskritikerinnen a -kritiker.

Eng Strooss an d'Ongewësst

Black Country, New Road ginn zwar schonn als nei Indie-Rock-Darlings gefeiert, mee wiere sech um Album direkt mam éischte Song géint all Kategoriséirung.

"Instrumental" vermëscht Elementer vu Free Jazz mat jiddeschem Klezmer an engem Keyboard-Hook, deen d'Band selwer als relativ ontypesch bezeechent, an un de syresche Kënschtler Omar Souleyman erënnert.

Och op den anere fënnef Lidder schläiche sech ëmmer nees ongewinnten Téin a Rhythmen an, déi all Previsibilitéit zerstéieren an d'Stécker tëschent Kakophonie a Katharsis hin an hier schwanke loossen. Wéilt een eng Analogie zum Bandnumm zéien, kéint een "For The First Time" als laang an däischter Strooss bezeechnen, op där een ni sou genee weess, wéini déi nächst schaarf Kéier kënnt, a wouhin dës féiert.

Wiesselspiller tëschent Héicht an Déift

D'Formatioun, déi 2018 zu London gegrënnt gouf, besteet aus siwe Bandmemberen, wouvun der dräi eng musikalesch Educatioun hunn an de Rescht Dilettanten am beschte Sënn sinn.

Foto: Maxwell Grainger

Dës Mëschung aus Akribie a Perfektiounsverweigerung duerchzitt den Album a war och am Studio immens wichteg. "Mir hunn fënnef Lead-Instrumenter an domadder e kloert Iwwergewiicht an der Rhythmussektioun" seet de Saxophonist Lewis Evans.

Fir datt explosiv Momenter ewéi zum Beispill am Song "Sunglasses" funktionéieren, wier et immens wichteg, datt och all Bandmember sech virum Klimax zeréckhale kann. Dëst Wiesselspill tëschent Héicht an Déift beherrsche Black Country, New Road trotz aller Léift fir den Dilettantismus perfekt.

Gedroe ginn d'Lidder vum Isaac Wood sengem Tremolo-Spriechgesang, deen hei an alldagspoetescher Aart e Generatiounsportrait zesummebaut.

Hält de Wood bei deene meeschte Stécker en ironesche Sécherheetsofstand zu den eegenen Emotiounen, leet hien dës awer op "Track X", dem absolutten Héichpunkt vum Album, schounungslos fräi.

Stakkato-Sträicharrangementer, déi staark un Steve Reich oder Penguin Café Orchestra erënneren, begleeden dës batterséiss Erzielung iwwer jugendlech Léift a Verzweiwlung.

Black Country, New Road sinn natierlech net déi beschte Band vun der Welt, mee an dëse Momenter gëtt een sech dëser Illusioun gären hin.