Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Synthesis: méi organesch, méi live

Trip Hop vu Lëtzebuerg

Synthesis: méi organesch, méi live

No dräi Joer Paus melle Synthesis sech zeréck. Den Duo schafft un engem neien Album an un enger opwänneger Live-Show. D'Approche ass eng ganz aner wéi um éischten Disk. D'Ambitioune si grouss.

auto_stories

2 min

Synthesis (Foto: Max Nilles / breakfast.lu)

Synthesis ass de gemeinsame Projet vun der Sängerin Deborah Lehnen an dem Produzent Michael Galetto. De 14. Januar 2014 konnt een den Trip-Hop Duo fir d'leschte Kéier am Concert gesinn. Am Kader vum 10. Gabuertsdag vun hirem Label Chez Kito Kat klamme si den 22. Dezember nees op d'Bühn vun de Rotonden.

D'Deborah hätt an der Zwëschenzäit un engem Bébé-Projet geschafft an de Michael hätt vill Energie a säin House-Projet d.e.t. 90 investéiert erklären d'Museker. "Ech hunn 2015 mäin éischten Album produzéiert", sou de Michael Galetto. An hien hätt een Disk mat engem Gittarist opgeholl, deen allerdéngs eréischt wäert verëffentlecht ginn.

Neien Album fir 2017

D'Schreiwen als Synthesis hätt hinnen awer gefeelt, dofir hätte si sech iwwer d'Demande vu Chez Kito Kat gefreet, fir op hirem Gebuertsdag opzetrieden. "Mir sinn nees aktiv um Schreiwen", seet d'Deborah Lehnen. 2017 kéint ee mat engem Album rechnen.

D'Musek entsteet am Michael Galetto sengem Home-Studio, wou hie virun allem mat ale Synthesizeren experimentéiert. Déi nei Stécker wieren awer méi organesch, wéi d'Human EP vun 2013. Niewent deenen elektroneschen Instrumenter solle Gittar a Batterie méi eng wichteg Roll spillen. "D'Stëmme si méi soulful", sou d'Deborah Lehnen. "Deen éischten Album war zimlech Pop. An där Paus si mir vill méi mature ginn, an dat héiert een och eraus." Et géif een och driwwer nodenken, fir Museker mat op d'Bühn ze huelen, fir eng richteg Live-Show kënnen opzebauen.

Mam éischten Album hätte si vill flott Festivale gespillt. Ënner anerem de Spot zu Aarhus an de Reeperbahn Festival zu Hamburg. Ganz gär géif Synthesis nees vill optrieden.