Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Suivéiert de Concert vun TUYS beim Eurosonic

Grousse Showcase-Festival

Suivéiert de Concert vun TUYS beim Eurosonic

Den Eurosonic ass dee wichtegsten europäesche Showcase-Festival. E geet online a gratis iwwer d'Bün. Lëtzebuerg gëtt vun Tuys vertrueden. Kuckt den Optrëtt vun der Indie Pop Band live am Stream.

auto_stories

2 min

Och den Eurosonic ass der Pandemie zum Affer gefall. Beim grousse Showcase-Event am hollännesche Groningen gëtt sech all Joer am Januar d'europäesch Museksbranche Rendezvous fir nei Talenter ze entdecken. Dëst Joer ass d'Manifestatioun online.

De Concert vun Tuys gëtt haut um 20.25 iwwer de Site vum Festival um Kanal 2 diffuséiert: esns.nl

D'Streaming Plattform wier an Zesummenaarbecht mat der EBU opgebaut ginn, seet den Oskar Strain, ee vun de Booker vum Festival. D'EBU, vun där de radio 100,7 och Member ass, ass zanter 25 Joer e wichtege Partner vum Eurosonic.

"E wichtege Message fir Europa"

Tuys sinn eng vun den 180 Gruppen, déi dëst Joer optrieden. Am 15-Minutten-Takt ginn zanter e Mëttwoch all Owend Live-Sessions diffuséiert.

Déi aktuell Situatioun wier net ideal fir d'Industrie, trotzdeem ass den Oskar Strajn optimistesch:

"Ee vun de wichtege Message vum Eurosonic ass, datt mer de Fokus op Europa setzen. Déi kommend Méint wäerten international Toure weiderhi komplizéiert bleiwen. Mir mussen op eis Nopeschlänner kucken. Mir hunn eng wonnerschéi Musekslandschaft ronderëm eis. Ech hoffen, datt Europa als Kontinent dat hei séier nees un d'Rulle kritt."

D'Session vun Tuys gouf den 21. November am Kader vun den Aircheck Sessions an der Kulturfabrik opgezeechent.