Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Pretenders - A Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stephan Gehmacher huet bis 2023 verlängert

Direkter vun der Philharmonie

Stephan Gehmacher huet bis 2023 verlängert

Nom Gustavo Gimeno, dem Chefdirigent vum OPL, huet elo och de Stephan Gehmacher, den Direkter vun der Philharmonie a vum OPL, säi Kontrakt verlängert. Hien bleift bis 2023 an der Verantwortung am Concertshaus um Kierchbierg.

auto_stories

1 min

Den 1. September 2013 huet de Stephan Gehmacher, fréiere Manager vum Symphonieorchester vum Bayresche Rundfunk, d'Successioun vum Matthias Naske als Direkter vun der Philharmonie iwwerholl. An dës Zäit fält den Ofschloss vum Integratiounsprozess Philharmonie - Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg an och d’Nominatioun vum Gustavo Gimeno als neiem Chefdirigent vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg.

Nodeems de Gustavo Gimeno viru kuerzem säi Kontrakt beim OPL bis 2022 verlängert hat, ass et elo de Stephan Gehmacher, dee bis 2023 ënnerschriwwen huet.

"An deenen nächste fënnef Joer geet et drëms, sech fir d'Zukunft ze positionéieren, Saachen unzestoussen an och nach selwer z'erliewen, wéi se un d'Rulle kommen", seet de Stephan Gehmacher dem radio 100,7. D'Philharmonie huet sech nämlech een Entwécklungsplang ginn, deen iwwer néng Joer ugeluecht ass.

Als lescht Etapp vun der organisatorescher Ausriichtung vun der Philharmonie bleift elo nach d'Erneierung vum Verwaltungsrot, deem säi Mandat fir de Summer ausleeft.