Radioen

On air

Tockcity  |  Mount Kimbie & King Krule - Empty And Silent Feat. King Krule

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stadionhymne fir d'Isolatioun

Album vun der Woch

Stadionhymne fir d'Isolatioun

All Diese Gewalt nennt sech de Soloprojet vum däitschen Indiekënschtler Max Rieger. Mat "Andere" presentéiert hie säin drëtten Album a bleift der melancholesch-depressiver Stëmmung trei, mee räichert se mat poppege Beats an Hooks un. Eng musikalesch Flucht no vir, déi ënner d'Haut geet.

auto_stories

3 min

Fir unzefänken direkt déi erfreelech Noriicht: et geet dem Max Rieger gutt oder op d'mannst besser. Hanner him leien, no eegener Ausso, véier laang Joren voller "Selbstdekonstruktion" an engem konstante Renge mat den eegene Gefiller. Elo, wou säin néien Soloalbum "Andere" ënner dem Numm All Diese Gewalt an der Welt ass, schéngt hien awer och mat dëser nees eng Grëtz méi am Aklang ze sinn.

Eng "Flucht nach vorne"

Den neien Disk knäppt do u wou de Virgänger "Welt in Klammern" 2017 opgehalen huet: beim Zweiwel u sech selwer an den Aneren. Och op "Andere" kreéiert de Rieger nees eng depressiv-melancholesch Grondstëmmung, mee räichert dës mat engem gudden Schotz séisser an naiver Pop-Iwwerflächlechkeet un.

Schonn de Cover-Design gëtt d'Stoussrichtung vir. Hei ass eng Persoun - méiglecherweis de Rieger selwer - komplett onkenntlech a samettrouden Dicher gewéckelt a poséiert mat engem imposanten Stuermgewier.

Et symboliséiert, esou de Rieger, souwuel seng introvertéiert wéi och extrovertéiert Säit, béides natierlech maximal ausgereizt. "Andere" ass eben och dëse Wiessel tëschent perséinlechem Réckzuch an aggressivem Iwwerfall. Eng vertounte Flucht nach vorne.

Als Museker ass de Max Rieger niewent sengem Soloprojet All Diese Gewalt virun allem als Frontmann vun der Postpunk-Sensatioun Die Nerven bekannt. Donieft souz hien als Produzent fir esou zimmlech all gehypten däitsch Indie-Newcomer aus de leschten Joren, dorënner Acts wéi Drangsal, Jungstötter oder Ilgen-Nur hanner dem Mëschpult.

Egal ob als Museker oder als Produzent, d'Aarbecht vum Max Rieger ass gepräägt vun der permanenter Grenziwwerschreidung. D'lescht Joer nach huet hien als Obstler ee brutalen Death Metal Album released, elo wéist hie sech um neien "All Diese Gewalt" Disk esou poppeg wéi nach ni.

Besonnesch d'Lidd "Erfolgreiche Life" iwwerrascht als prototypeschen Indie-Popentworf an huet de Kënschtler laut eegener Ausso och vill Iwwerwannung kascht. E bësse géing hie sech jo scho fir dëst Lidd schummen, mee hie wéilt eben och Musek maachen, déi seng Mamm versteet, sot hie kierzlech an engem Interview.

Dës Ambivalenz zur eegener Musek beschränkt sech awer net op dësen eenzelen Song, nee, 90 Prozent vun deem, wat hien ophëlt, bezeechent de Max Rieger als Dreck.

Den Zweiwel u sech selwer

Et sinn d'Wierder vun engem Perfektionist, dee mat onverkennbarer Leidenschaft u sech selwer verzweiwelt. Och den neien Album wollt hien nach an allerleschter Sekonn néi ophuelen. Sënngeméiss fänkt "Andere" dann och mat den Zeilen "Nichts kommt mir zu nah, Zweifel immer da" un.

Als emotional Erpressung versteet de Max Rieger seng Musek, et soll een als Nolauschterer keng aner Wiel hunn, wéi sech der klanglecher Explosioun ze erginn. Lidder wéi "Halte Mich", "Gift" oder besonnesch den Titelsong "Andere" verdäitlechen, wat hien domadder mengt.

Graduell bausche si sech op, éier si an engem fulminanten Crescendo aus dissonante Synthesizeren a Gittarekläng an dem Rieger sengem onverkennbaren Jaulen explodéieren. Onmëttelbar a schounungslos an awer ëmmer op Distanz, et sinn Stadionhymnen fir d'Isolatioun. Well d'Häll, dat si jo bekanntlech déi aner respektiv "Andere".