Radioen

On air

Notturno  |  Nick Zubeck, Felicity Williams & Karen Ng - Time Machine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Spille geet iwwer alles

Christophe Chassol - Ludi

Spille geet iwwer alles

Anescht, komesch, ureg, weird. "Ludi", den neien Disk vum Christophe Chassol, ass e richtegen Héichpunkt vum nach fréie musikalesche Joer, fënnt den Tom Dockal.

auto_stories

3 min

"Ludi" kënnt aus dem Latäin an ass de Pluriel vu "Ludos" a benennt d'Spiller am anticke Roum. Päerdscourssen, Theater, asw. Spiller, mat deenen d'Réimer ënnerhale goufen. Am franséischen Adjektiv "ludique" fënnt een d'Wuert "Ludos" och erëm.

De Christophe Chassol, franséische Komponist a Museker, gebierteg 1976 an der Martinique, dreift schonns zanter Jore säi musikalescht Onwiesen am Hexagon. Hien huet iwwer d'Joren net just nëmme mat Fransouse wéi Phoenix an dem Sébastien Tellier geschafft, mee och mam Solange oder dem Frank Ocean.

Zanter enger ganzer Rëtsch vu Jore released hien och seng eege Saachen. An dat beim Label Tricatel vum Bertrand Burgalat. Wann ee weess, wien do iwwer d'Jore soss Musek released huet, dee weess, datt de Christophe Chassol bei Tricatel dat perfekt musikalescht Doheem fonnt huet. Ënner anerem de Michel Houellebecq an d'Band Catastrophe. Total intellektuell, mee fir Fransousen onänlech och iergendwéi immens witzeg.

Ultrascores

"Ludi" ass den Albumtitel vum Chassol Disk a gläichzäiteg de Schlëssel zum Versteesdemech vun där Stonn Musek, déi op deem Duebelalbum ze héieren ass. An dat mat de Stëmmen an där Musek ronderëm - dat huet beim Chassol en Numm: Ultrascores.

De Brian Eno huet mat esou Saachen zwar schonn an den 80er experimentéiert, mee de Christophe Chassol huet dat manifestement iwwer e puer Joer just komplett zu Sengem gemaach a perfektionéiert. Hien hänkt vill um Internet, op YouTube an anere Videoplattformen a kuckt Videoen, a wann hie sech inspiréiert fillt, da komponéiert hien op d'Sprooch, Texter, Geräischer etc etc. Ultrascores quoi.

Um Album Big Sun vu virun e puer Joer huet de Christophe Chassol seng Ultrascores-Technik mat sengem Bezuch zur Martinique verbonnen. Elo op "Ludi" mécht hien d'Museker-Sinn an d'Musek-Spillen zum Theema an dem wichtege Katalysator zum Musek-Maachen. An der Freed, déi duerch hie geet.

Spiel, Spaß und Freude!

D'Spill steet iwwer allem. Musekspillen, Spillen am Schoulhaff, Spille mat de Leit, wat et heescht ze spillen. U sech ass "Ludi" e Konzeptalbum. Mee mat deem Term gëtt ëmmer hyperprogressiv Schwäirockmusek aus de 70er bezeechent.

Natierlech ass op "Ludi" eng laang Sequenz vu Musek ze héieren. Mee bei aller Vertracktheet ass et groovy wéi näischt. Dës Kéier spillt hien net just op d'Videoen a Stëmmen hin, mee geet e Schrëtt méi wäit a verschafft se weider mat Sänger a Sängerinnen am Studio.

Live kann ee sech "Ludi" ganz multidisziplinär virstellen. Eben och mat Videoen, Livemusek a ganz vill Freed un der Saach. Déi Musek - ganz am Sënn vu "Ludi", dem Spill - ass do, fir live ze erliewen. Et kann een et awer och wonnerbar iwwer dem Vëlofuere lauschteren.