Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Kurt Vile - Pretty Pimpin

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Soundtrack fir Liewenskënschtler an Nuetseilen

Forget vu Xiu Xiu

Soundtrack fir Liewenskënschtler an Nuetseilen

Deen neien Album vu Xiu Xiu vibréiert am Spannungsfeld tëschent Schéinheet a Cacophonie. Den Art Pop Quartett wielt net deen einfache Wee. Awer wie mat trëppelt, gëtt um Enn belount. Versprach.

auto_stories

4 min

Foto: Alexandra Brown

Xiu Xiu sin eng Art Pop Band vu San Jose, Kalifornien, déi zënter 2002 Material verëffentlechen. De Sammelbegrëff Art Pop seet dobäi wéineg aus. E deit just dorop hin, datt sech dës Musek de Formen an Instrumentatioune vun der populärer Musek bedéngt, awer aner Inhalter eriwwerbréngt, an aner Stëmmungen ervirrifft, wéi déi Gewinnten.

Den Jamie Stewart, Sänger an a villen Hisiichte Kapp vun der Band, ass an de Staaten als Underground-Veteran ugesinn. Scho mat de Virgängerprojete vu Xiu Xiu huet hie seng Léift fir Gamelan, japanesch a koreanesch Volleksmusek, zäitgenëssesch minimalistesch E-Musek an Underground House matenee verbonnen.

Wéi eng Zort Art Pop?

De Bandnumm huet de Stewart 2002 vum Titel vun engem alternative Movie. "Xiu Xiu, The Sent Down Girl" enthieft sech allen Erklärungen oder Sënnfroe par Rapport zu deenen horrible Saachen, déi dem Haaptpersonnage widderfueren. "Rotten Realness" nennt de Museker dëse faktesche Pessimismus, a seng Musek ass voll dovun.

Déi rezent Produktioune vun Xiu Xiu loossen op eng Period vu grousser Inspiratioun fir de véier-käppegen Ensembel schléissen. Op eng public Emergenz och, där hir periphär Begleedgeräischer fir d'éischte Kéier bis op eis Säit vum Atlantik reechen.

2013 koum een Album vu Reinterpretatiounen aus dem Katalog vun der Nina Simone eraus. Iwwregens eng duerch an duerch ongewéinlech a lauschterenswäert Plack. Och eng Split-EP mam Devendra Bahnart verdéngt et, ernimmt ze ginn. Oder d’lescht Joer "Xiu Xiu Plays The Music Of Twin Peaks", d'Musek vum Angelo Badalamenti vun der berühmter Tëlee-Serie also, fir déi vill vun den Texter vum Kultregisseur David Lynch selwer geschriwwe goufen.

Mat dëse Referenze misst e Bild dovun entstoen, mat wéi enger Zort vun Art Pop een et hei ze dinn hunn.

Drag Queens, Liewenskënschtler, Aneschtdenkender an Nuetseilen

Zréck zu dëser Plack an hirer Rotten Realness. Op "Forget" ass dem Steward seng Stëmm seele ganz plakeg. Meeschtens ass se a guer net esou dezent Effekter agehüllt, déi se an d'Musek eraschmëlzen. Den Toun huet eng liicht Affektéiertheet, déi wéi ee gescheiterte Versuch an d'Richtung vum Bel canto klenge kann, an un di dramatesch Intonatioun vun engem Drag Artist erënnert. Virun allem léisst se sech net aspäre vun der Rhythmik vun dësem Album, déi prononcéiert ass. Mee si hëlt sech vill Fräiheet. Och d'Fräiheet, Schéinheet ze afferen, fir Expressivitéit bis un d'Enn ze vertrieden. Si erënner vläicht e bëssen un di rezent Performances vum Ryan Lott vu Son Lux. Och un Anthony and the Johnsons kann een denken. Awer mat der wichteger Bemierkung, datt déi zwee Kënschtler sech um Stewart inspiréiert hunn, an net ëmgedréint.

D'Texter op "Forget" schénge perséinlech. An hiren Déiften drécken si awer nach eppes ganz anescht aus. Tëschent enger plazeweis selbstbematleedender Dramatik schlängelt sech regelméisseg dee passiv-aggressive Losertum, dee mat provokantem Houfert d'Stëmm vun de Randgruppen an eiser Gesellschaft vertrëtt. Bei Xiu Xiu sinn dat meeschtens Drag Queens, Liewenskënschtler, Aneschtdenkender an Nuetseilen, an alles dat, wat si an Zäite vu populistescher Resurgenz wuel erausjäize wëllen.

Souvill Cacophone wéi néideg ass

Mat Xiu Xiu kënnt eng Band aus dem amerikaneschen Underground eraus, där hire laangjäregen Afloss op méi bekannte Projeten eréischt elo lues a lues kloer gëtt. Dëst weist sech och op der Musek, den Arrangementer an Instrumentatiounen op "Forget". Léisst den éischten Androck vläicht op ee moderniséierte Synth-Pop oder elektroneschen Industrial Sound schléissen, doe sech am Detail aner Welten op. Verfriemte Perkussioune peupléieren ee grousse Räichtum u Melodien, déi sech meeschtens zwar mat Synthesizeren, mee dacks och mat verfriemte Stëmmen ofzeechnen. Den Arrangementer gëtt grad esouvill Descente an d'Cacophonie erlaabt, wéi ze erdroen, an der Expressioun no néideg ass.

D'Instrumentatioun otemt plazeweis awer duerchaus schéin, wou an deene méi rouege Passage besonnesch Säiteninstrumenter duerchschéngen. Zum Beispill eng verrauscht opgehollen akustesch Gittar an ee besonnesch krazeg a scheppernd klengenden Cello op "Petite", glackeg Téin op "Faith, Torn Apart", déi iwwregens vum minimalistesche Museker Chaarlemagne Palestine bäigesteiert goufen, oder ee Piano op "At Last, At Last". Fir d'Produktioun zeechent iwwregens de Greg Saunier verantwortlech, deen als Batteur vun Deerhoof bekannt ass.

"Forget" ass net onbedéngt déi komfortabelst Ecoute, well de Courage zum bëssen Ellenen een integralen Deel vum Charakter vun dëser Plack duerstellt. Den Album passt net op d’Lescht vun deene schéinste Placken vun 2017, wuel awer op déi vun deene bis elo interessantsten.


"Forget" vu Xiu Xiu ass den Album vun der Woch vum 6. Mäerz.