Gudde Wëllen Sessions Slumbergaze an de Läbbel live am 100,7-Studio

D'Videoe vun de Sessions vun der Journée de la Musique sinn do! Et gëtt Rap op Lëtzebuergesch mat BC One, Skibi an dem Nicool, an instrumental elektronesch Musek mat Slumbergaze.

Gudde Wëllen Sessions

De Läbbel ass e Kollektiv vu Lëtzebuerger Hip-Hop-Kënschtler. Am Kader vun der Journée de la Musique waren dräi Rapper bei eis am Studio 8. Un de Mikroen: D'Nicool, BC One a Skibi, un den Decks, den DJ BTM. Erlieft d'Session am intime Kader nach eng Kéier an Toun a Bild.

Bei Slumbergaze trëfft saturéierten, instrumentalen Hip Hop op Post Rock. A senger Musek géife sech Géigesätz unzéien unzéien an ofstoussen, seet den Eric Juncker. Slumbergaze géif Kontraster zesumme bréngen, "och aus menger Persoun eraus." Heiansdo géif ee sech opgewullt spieren, awer et kéint ëmmer séier änneren.

Den 21. Juni huet de radio 100,7 d'Journée de la Musique gefeiert. Déi zwou Sessions sinn eng Produktioun vum Gudde Wëllen, d'Videoe goufe vu Skin realiséiert.

Méi zum Thema

Monophona
Musek zu Lëtzebuerg

Bei Monophona war et roueg ginn no de Concerten zu hirer leschter Plack "Girls on Bikes Boys Who Sing" viru gutt zwee Joer. De Marc Clement huet mat der Band geschwat.

Lagerkultur
Shared Distance

Op enger neier Quarantän-Compilatioun vu Lagerkultur kënnt déi lëtzebuergesch elektronesch Musek zum Zoch, besonnesch dee méi minimale Bord. Sechs Kënschtler bilden zesummen e koherenten a lëftege Mix.

TUYS
Koll an Aktioun

Tuys huet an der lescht Stécker als Episode verëffentlecht. Nei Formater fir en neien awer manner gewinnten "Tuys Sound". Si hunn um Koll an Aktioun on AIR um radio 100,7 gespillt.

Pascal Schumacher.jpg
Pascal Schumacher

Sol - esou heescht dem Pascal Schumacher säin éischte Solo Vibraphon-Album, deen haut um Label Neue Meister erauskënnt. Säin ätheresche Vibraphon Sound gëtt op dësem unhand vun organesche Synthien erweidert.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen