arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Si mir net gutt genuch?"

Expo 2020 Dubai

|
reading time

3 min

"Si mir net gutt genuch?"

"Si mir net gutt genuch?" Dës Fro stellt sech de Komponist an Dirigent Gast Waltzing am Kader vum Lëtzebuerger Pavillon fir d'Expo 2020 zu Dubai. Gëfëllt gëtt dee mat Kläng vum Berliner Kollektiv Kling Klang Klong. De Museker huet de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg bei den Opnamen dirigéiert, déi spéider am Lëtzebuerger Pavillon ze héiere sinn. Am Gespréich mam Luc Boentges gëtt de Gast Waltzing en Abléck a seng Gedanken a Froen zu dësem Projet.

reading time

3 min

Gast Waltzing, wéi koum et dozou, datt Dir den OPL fir dëse Projet dirigéiert hutt?

Dat ass esou, wéi dat normalerweis geschitt. Da kréien ech vum OPL ugeruff an da soe si 'Mir hunn hei eppes fir dech, bass Du interesséiert fir dat eventuell ze maachen? Mir hunn un dech geduecht, well et eppes ass wat mat Klick, dat heescht mat Metronom a mat Kopfhörer muss agespillt ginn'. A vue datt ech dat scho méi dacks mam Orchester gemaach hunn, war dat eigentlech eng normal Fro, datt ech dat géif gefrot ginn.

Waart Dir Iech zu deem Zäitpunkt vun der Ufro bewosst, datt et ëm d'Weltausstellung geet?

Nee, mir hate se gesot et wier e Projet, an dunn hunn ech direkt gefrot fir d'Partitur ze gesinn, well ech muss déi jo awer da léieren, éier ech dat maachen, an du stoung grouss 'Dubai - Lëtzebuerg' drop. An du war ech dann eben - loosse mer soen - erstaunt.

War dat Är eenzeg Reaktioun, wou Dir gemierkt hutt, datt et ëm de Lëtzebuerger Pavillon fir d'Weltausstellung geet, datt d'Musek awer net aus Lëtzebuerg kënnt?

Et muss een elo zwee Aspekter kucken. Op där enger Säit sinn ech vum Orchester gefrot gi fir eppes ze dirigéieren. Do war ech Prestateur de service, wéi een dat esou schéi seet. Ech hu meng Aarbecht gemaach, fir e Projet, wou ech domat averstane war fir dat ze maachen.

Wou ech elo e bëssen traureg sinn, dat ass: Lëtzebuerg gëtt elo vertrueden, net duerch Lëtzebuerger Komponisten. An da froen ech mech ëmmer: Firwat? Si mir net gutt genuch? Well esou wäit ech dat elo matkritt hunn - ouni datt ech mech bretzen - ech hunn e Grammy kritt, déi do hunn ech emol net um Internet als Komponiste fonnt. Et gi bei eis am Land nach e ganze Koup Leit, déi och ganz ganz ganz gutt schreiwen. An ech fannen dat einfach e bësse komesch, datt do vun der Politik aus net awer vläicht drop gehale gëtt, datt eventuell Lëtzebuerg am Ganze soll [presentéiert ginn], well si insistéiere jo op eis Wirtschaft, eis Banken an dee ganze Buttek, mee eis Kultur ass anscheinend guer net wichteg.

Empfannt Dir et e bëssen als ironesch, datt de Sujet vum Pavillon "Resourceful Luxembourg" ass?

Also ech géif, wa mir net an där heiten Zäit wieren, wou all d'Museker an d'Kënschtler schrecklech leiden, géif ech jo eventuell doriwwer smilen. Mee den Ament fannen ech dat guer net witzeg, well et wieren doudsécher vill Leit frou gewiescht, wa si esou e groussen Optrag elo hätte kéinte maachen.